Zodiakalliicht

Zodiakalliicht um Osthimmel am Stärebild Cancer virun der Mueresdämmerung. Ze gesi sinn ë. a. och Venus an de Stärekoup M44

D'Zodiakalliicht, griichesch zódionDéierekreeszeechen“) ass eng ganz schwaach permanent Liichterscheinvement um Himmel, déi zu den astronomeschen Evenementer gehéiert. Die Leuchterscheinung ist auf die Umgebung der Ekliptik, den Zodiak, begrenzt. D'Zodiakalliicht entsteet duerch Reflexioun a Streeung vum Sonneliicht un de Bestanddeeler vun der Gas- a Stëbswollek, déi d'Sonn als dënn Scheif um Planéiteplang ëmgëtt.

D'Zodiakalliicht ëmspaant de ganzen Himmel laanscht d'Ekliptik. No bei der Sonn bis zu enger Distanz vun e puer Grad schwätzt ee vun der F-Korona. Hir schléisst sech d'Zodiakalliicht un. Et geet iwwer an d'Liichtbréck, déi – genee géigeniwwer zum Sonnestand – zum Géigeschäin féiert.

Observatioun

Géigeschäin am Wénkelofstand vun 180° zu der Sonn.

An absolut kloeren Nuechte kann een um flaache Land respektiv um Mier iwwer dem Horizont kuerz no der astronomescher Dämmerung am Westen, respektiv kuerz virdrun am Osten, eng schwaach Liichtsträif erkennen.

Am Prinzip kann een d'Zodiakalliicht d'ganzt Joer iwwer observéieren, wann ee wäit genuch vu kënschtleche Liichtquellen an der Liichtverschmotzung ewech ass. An temperéierte Breede geet dat am beschten am Fréijoer no der Owesdämmerung, an am Hierscht virum Ufank vun der Mueresdämmerung.

Other Languages
Afrikaans: Sodiaklig
العربية: ضوء بروجي
català: Llum zodiacal
Deutsch: Zodiakallicht
Ελληνικά: Ζωδιακό φως
español: Luz zodiacal
galego: Luz zodiacal
한국어: 황도광
italiano: Luce zodiacale
lietuvių: Zodiako šviesa
മലയാളം: രാശിപ്രഭ
Nederlands: Zodiakaal licht
日本語: 黄道光
norsk nynorsk: Zodiakallys
Piemontèis: Lus zodiacal
português: Luz zodiacal
slovenčina: Protisvit
slovenščina: Zodiakalna svetloba
srpskohrvatski / српскохрватски: Zodijačka svjetlost
svenska: Zodiakalljus
Tiếng Việt: Ánh sáng hoàng đạo
中文: 黃道光