Zisterzienser
English: Cistercians

Christianity Symbol.pngDësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Wope vun den Zisterzienser.

D'Zisterzienser bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch, mam offiziellen Numm Ordo Cisterciensis (ofgekierzt OCist). Et gëtt souwuel eng männlech (reliéis Bridder a Pateren) wéi eng weiblech Branche (Nonnen).

Dësen Uerde geet op de Robert vu Molesmes zréck, deen 1098 eng Benediktinergemeinschaft zu Cîteaux gegrënnt huet, mam Zil erëm streng dem Benedikt vun Nursia senger Reegel vun 450 ze follegen, wat dee Moment bei de Benediktiner net méi de Fall war. An dës Gemeinschaft vu Cîteaux ass dunn och de Bernhard vu Clairvaux agetrueden, deen 1115 d'Klouschter vu Clairvaux gegrënnt huet vun deem aus d'Zisterzienser sech a ganz Europa verbreet hunn.

D'Membere vum Uerde versprieche Bestännegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen a Kléischter déi entweder Abteie sinn (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt, respektiv enger Äbtissin un der Spëtzt), oder Prioraten (ofhängeg vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior, respektiv enger Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren ongeféier 1400 Männer an 870 Fraen zum Zisterzienseruerden (September 2005).

Literatur

  • Marcel Pacaut, Les moines blancs - Histoire de l'ordre de Cîteaux; Paräis (Fayard), 1993; 431 S. (11 Kaarten, Bibliographie, Index); ISBN 2-213-02925-3
  • Julie Roux, d'Mönche vun der Abtei Acey, Nicolas d'Andoque, Les Cisterciens; Vic-en-Bigorre (MSM), 2007 (3. Editioun; déi éischt ass vun 1998); 321 S. (Photoen, Kaarten, Index, Bibliographie); ISBN 978-2-3508-0048-6
Other Languages
Afrikaans: Cisterciënsers
العربية: سيسترسية
aragonés: Orden de Cistels
asturianu: Císter
беларуская: Цыстэрцыянцы
беларуская (тарашкевіца)‎: Цыстэрцыяны
brezhoneg: Sistersianed
Deutsch: Zisterzienser
English: Cistercians
Esperanto: Cistercianoj
euskara: Zistertar
français: Ordre cistercien
Gaeilge: Cistéirsigh
Gaelg: Kistershee
한국어: 시토회
hrvatski: Cisterciti
Bahasa Indonesia: Sistersien
Limburgs: Cisterciënzers
magyar: Ciszterciek
Nederlands: Cisterciënzers
日本語: シトー会
polski: Cystersi
português: Ordem de Cister
русский: Цистерцианцы
Simple English: Cistercian
slovenčina: Cisterciánsky rád
slovenščina: Cistercijani
српски / srpski: Цистерцити
srpskohrvatski / српскохрватски: Cisterciti
Türkçe: Sistersiyenler
українська: Цистерціанці
Tiếng Việt: Dòng Xitô
中文: 熙笃会