Wikipedia:FAQ Participanten

Fir unzefänken

F. Wisou sollt ech bei Wikipedia matmaachen ?

E. Et gi genuch Grënn, fir bei Wikipedia matzemaachen:
  • well et Spaass mécht
  • well et einfach ass
  • well et eng Meiglechkeet bitt, säi Wësse weider ze vermëttelen
  • well ee Leit aus de verschiddensten Domainer kenneléiert
  • well dir aner Leit verbessere kënnt, ouni ëm Erlaabnis ze froen ;-)

F. Ginn et Regelen, un déi ee sech hale muss ?

E. Jein. Et si keng Gesetzer an deem Sënn, mä et gëtt schonn eng Partie Richtlinnen, déi dir hei fannt.

F. Gëtt et eng Plaz, wou ech mol e bëssen testen kann, ouni eppes futti ze maachen ?

E.: Jo, all är Tester kënnt dir an der Sandkaul maachen.

F. Ech ging gären hëllefen, mä ech fäerten, Dommheeten ze soen ?

E. De gudde Wëlle spillt schonn eng grouss Roll. No enger Zäitche wäert der mierken, datt alles net sou schwéier ass, also zéckt net, a sprangt an d'kaalt Waasser ! Wann et guer net geet, kënnt dir nach ëmmer gehollef kréien.

Other Languages