Walentina Wladimirowna Tereschkowa

D'Walentina Tereschkowa 1969

D'Walentina Wladimirowna Tereschkowa (Валентина Владимировна Терешкова), gebuer de 6. Mäerz 1937 zu Bolschoje Maslennikowo bei Jaroslawl op der Wolga, ass eng russesch Kosmonautin. Si war déi éischt Fra am Weltraum.

U Bord vun der Raumkapsel Wostok VI ass d'Walentina Tereschkowa de 16. Juni 1963 vum Raumfaartzentrum Baikonur fortgeflunn, fir eng Rees duerch de Weltraum , déi bal dräi Deeg gedauert huet. D'Wostok VI ass vum Kosmodrom zu Baikonur (Kasachstan) aus gestart an huet d'Äerd 49-mol ëmkreest. Den 19. Juni ass se bei Nowosibirsk gelant, wou d'Tereschkowa begeeschtert empfaange gouf. Zu Moskau gouf se mam Titel Fliger-Kosmonaut vun der UdSSR geéiert.

1966 war si op Visite zu Lëtzebuerg a gouf vum Groussherzog Jean emfaangen.[1]

Other Languages
azərbaycanca: Valentina Tereşkova
беларуская (тарашкевіца)‎: Валянціна Церашкова
Bikol Central: Valentina Tereshkova
Bahasa Indonesia: Valentina Tereshkova
لۊری شومالی: والنتینا ترشکوا
Bahasa Melayu: Valentina Tereshkova
norsk nynorsk: Valentina Teresjkova
oʻzbekcha/ўзбекча: Valentina Tereshkova
Simple English: Valentina Tereshkova
slovenščina: Valentina Tereškova
татарча/tatarça: Валентина Терешкова
vepsän kel’: Tereškova Valentina