Trip-Hop

Trip-Hop ass e Musekstil dee säin Ursprong Ufank den 1990er an der Undergroundmusekszeen vu Bristol huet.

De Genre deelt de konstanten a repetitive Beat vun Downtempo (relaxer elektronescher Musek mat niddreger Intensitéit), mee ass e bësse méi komplex an der Struktur, an där vill Sampling agesat a wéi bei allen Electronica-Musekgenren och vill mat Effektapparate geschafft gëtt. Den Tempo läit bei zirka 80 BPM an d'Beater evoquéieren dacks eng verdreemten an heiansdo liicht däischter Atmosphär.

Den typeschen Trip-Hop-Sound ass staark beaflosst duerch Hip-Hop an Dub, souwéi harmoneschen a melodeschen Elementer aus der Popmusek. Eng Charakteristik ass de Gesank, dee vu weibleche Stëmmen dominéiert gëtt an vu Contemporary R&B a Soul beaflosst ass.

Den Term gouf fir d'éischt an der Zäitschrëft Mixmag an engem Artikel iwwer den DJ Shadow benotzt, mee et huet bis Mëtt den 1990er gedauert bis e sech etabléiert hat an déi ganz emergéierend Downtempo-Zeen vu Bristol mat Gruppe wéi Massive Attack a Portishead abegraff huet, déi spéider grousse kommerziellen Erfolleg a Groussbritannien haten.

  • um spaweck

Um Spaweck

Other Languages
беларуская (тарашкевіца)‎: Трып-гоп
български: Трип-хоп
català: Trip hop
čeština: Trip hop
dansk: Trip hop
Deutsch: Trip-Hop
Ελληνικά: Τριπ χοπ
English: Trip hop
español: Trip hop
فارسی: تریپ هاپ
français: Trip hop
한국어: 트립합
Հայերեն: Թրիփ֊հոփ
hrvatski: Trip hop
íslenska: Trip hop
italiano: Trip hop
עברית: טריפ הופ
ქართული: ტრიპ-ჰოპი
latviešu: Triphops
lietuvių: Trip-hop
lumbaart: Trip hop
Nederlands: Triphop
norsk: Trip hop
polski: Trip hop
português: Trip hop
русский: Трип-хоп
Scots: Trip hop
sicilianu: Trip Hop
Simple English: Trip hop
slovenčina: Trip-hop
slovenščina: Trip hop
српски / srpski: Трип хоп
suomi: Trip hop
svenska: Triphop
Türkçe: Trip hop
українська: Тріп-хоп
中文: 神遊舞曲