Thukydides (Historiker)

Qsicon Achtung.pngAll Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.
Thukydides

Den Thukydides, gebuer ëm 460/455, a gestuerwen ëm 399, war e griicheschen Historiker.

Berühmt gouf hien duerch säi Wierk iwwer d'Geschicht vum Peloponnesesche Krich. Als direkten Zeie vum Krich, deem seng Bedeitung hie scho fréi erkannt huet, huet e säi Wierk am Exil an Thrakien niddergeschriwwen. Am Géigesaz zum Herodot wollt hien nëmmen dat opschreiwen, wat wierklech geschitt ass. Säin Zil war et, en kloren Text ze hunn, deen op d'Géigewaart bezunn ass. Allerdéngs léisst en der Tyche, dem Zoufall, en grousse Spillraum.Säi Wierk huet eng kloer Struktur, ass an engem relativ niichterne Stil geschriwwen a weist eis seng vill Quellen déi hie benotzt huet. Säi Wierk, dat aus 8 Bicher besteet, gëtt meeschtens an 5 Deeler opgedeelt: 1) Introduktioun, 2) Archidamesche Krich, 3) De Fridde vum Nikias, 4) D'Expeditioun a Sizilien, 5)Dekeleësch-Ionesche Krich. Dat 8. Buch hält abrupt am Joer 411 op, wourun den Historiker Xenophon a senger Hellenika uknäppt.

Fir den Thukydides ass ee vun den Haaptgrënn déi zum Krich gefouert hunn, d'Hegemonie vun Athen wat Sparta sech net méi wollt gefale loossen. Den Athener Perikles ass fir hien de Prototyp vum grousse Staatsmann, och wann dësen Athen an de Krich gefouert huet.

Net zu Onrecht gëtt dacks behaapt, datt dem Thukydides säi Wierk zu engem vun de bedeitendsten Geschichtswierker vun allen Zäiten zielt, an och nach groussen Afloss hautdesdaags huet. Natierlech muss een oppassen dem Thukydides dowéinst net blann ze vertrauen, och hie konnt net alles wëssen (zum Beispill feelt a sengem Wierk de Kalliasfridden) mä et ass virun allem seng Objektivitéit déi hien zu engem groussen Historiker gemaach huet.

Literatur zum Thema

  • Thukydides, Der Peloponnesische Krieg, Reclam, ersg. vun H. Vrestka a W. Rinner, Stuttgart, 2000. ISBN 3-15-001808-0
  • Thukydides, La Guerre du Péloponnèse, folio classique, Paräis, 2000. ISBN 2-07-040068-9
Other Languages
Afrikaans: Thukydides
Alemannisch: Thukydides
አማርኛ: ቶኪዳይደስ
العربية: ثوسيديديس
aragonés: Tucidides
asturianu: Tucídides
azərbaycanca: Fukidid
беларуская: Фукідыд
български: Тукидид
brezhoneg: Thoukydides
català: Tucídides
čeština: Thúkydidés
Cymraeg: Thucydides
dansk: Thukydid
Deutsch: Thukydides
eesti: Thukydides
Ελληνικά: Θουκυδίδης
English: Thucydides
español: Tucídides
Esperanto: Tucidido
euskara: Tuzidides
فارسی: توسیدید
français: Thucydide
Gaeilge: Thucydides
galego: Tucídides
한국어: 투키디데스
Հայերեն: Թուկիդիդես
hrvatski: Tukidid
Bahasa Indonesia: Thukidides
interlingua: Thucydides
íslenska: Þúkýdídes
italiano: Tucidide
עברית: תוקידידס
ქართული: თუკიდიდე
қазақша: Фукидид
Latina: Thucydides
latviešu: Tukidīds
lietuvių: Tukididas
македонски: Тукидид
Malagasy: Thucydides
მარგალური: თუკიდიდე
Mirandés: Tucídides
norsk: Thukydid
norsk nynorsk: Thukydides
occitan: Tucidides
oʻzbekcha/ўзбекча: Fukidid
Patois: Tuusididiiz
Piemontèis: Tucìdide
polski: Tukidydes
português: Tucídides
română: Tucidide
русский: Фукидид
Scots: Thucydides
shqip: Thukididi
sicilianu: Tucìdidi
Simple English: Thucydides
slovenčina: Thoukydides
slovenščina: Tukidid
کوردی: توسیدید
српски / srpski: Тукидид
srpskohrvatski / српскохрватски: Tukidid
suomi: Thukydides
svenska: Thukydides
Tagalog: Thoukydidis
Türkçe: Thukididis
українська: Фукідід
Tiếng Việt: Thucydides
Winaray: Thucydides
Yorùbá: Thucydides
Zazaki: Tukidid
中文: 修昔底德
Lingua Franca Nova: Tucidide