Soziale Mindestloun

De Soziale Mindestloun ass en Instrument dat dem Legislateur erméiglecht, d'Verdeelung vum nationale Revenu ze steieren.

De Code du Travail zu Lëtzebuerg seet am Artikel L.222-1, datt all Salarié, deen eng normal physesch an intellectuell Aptitude huet, ouni Ënnerscheed zum Geschlecht, Recht op de soziale Mindestloun huet. Den Niveau vun deem Loun gëtt duerch Gesetz sou festgeluecht, datt en dem Salarié erlaabt un der ekonomescher Entwécklung vum Land deelzehuelen.

Fir de soziale Mindestloun festzeleeën, ginn zwéin Haaptkriteren a Betruecht gezunn, an zwar den Alter vum Beschäftegten a seng Qualifikatioun.

De Soziale Mindestloun déngt am Sozialsystem och dacks als Basis fir d'Berechnung vun anere finanzielle Leeschtungen oder Obligatiounen, wéi z. B. Festleeë vu Mindest- a Maximalcotisatiounen fir Krankekeesen, Unfallrenten asw.

Other Languages
asturianu: Salariu mínimu
azərbaycanca: Minimum əmək haqqı
català: Salari mínim
čeština: Minimální mzda
Deutsch: Mindestlohn
eesti: Alampalk
English: Minimum wage
español: Salario mínimo
Esperanto: Minimuma salajro
français: Salaire minimum
한국어: 최저임금
Bahasa Indonesia: Upah minimum
italiano: Salario minimo
magyar: Minimálbér
Bahasa Melayu: Gaji minimum
Nederlands: Minimumloon
日本語: 最低賃金
oʻzbekcha/ўзбекча: Ish haqi minimumi
português: Salário mínimo
Simple English: Minimum wage
slovenčina: Minimálna mzda
српски / srpski: Минимални приход
srpskohrvatski / српскохрватски: Minimalna plata
svenska: Minimilön
Türkçe: Asgari ücret
中文: 最低工資