Satir

Satire (Orazio) - pag. 12.JPG

Satir ass eng literaresch Technik mat där e bestëmmtent Thema op d'Schëpp geholl gëtt (z. B. Persounen, gesellschaftlech Mëssstänn, etc.), dacks mat der Intentioun eng Diskussioun dodriwwer unzereegen an/oder e Changement erbäizeféieren. Hautdesdaags fënnt ee Satiren awer net nëmmen an der Literatur, mä och an anere Medien a souguer an der Konscht.

D'Wuert kënnt vum laténgesche satira, dat selwer vu satura lanx ofgeleet ass - "eng mat Friichte gefëllte Schuel" oder am iwwerdroene Sënn "faarweg gemëschtent Allerlee".

D'Satir gouf am Mëttelalter (an totalitäre Regimer nach bis haut) duerch d'Zensur vun den Autoritéiten am Staat verhënnert. D'Aféierung vun der Presse- a Meenungsfräiheet huet deem awer en Enn gesat, sou datt op d'mannst an den opgeklärte Staate sozial Kommentaren an Iwwerzeegungen op eng humorvoll Aart a Weis fräi virgedroe kënne ginn.

Et gëtt verschidde Forme vu Satir:

  • d'Ënnerdreiwung léisst eppes méi kleng erschénge wéi et wierklech ass, fir datt ee sech sou de wierklechen Ausmoossen an Défaute méi bewosst gëtt;
  • d'Iwwerdreiwung steigert dee spréchwiertleche Fräsch dee sech opgeblosen nach, bis datt e platzt a seng a Wierklechkeet onbeitend Positioun evident gëtt;
  • d'Niefteneestelle setzt zwou Saache vun ongläicher Importenz op deeselwechten Niveau, fir datt d'Ënnerscheeder dofir ëmsou méi eraustrieden;
  • d'Parodie imitéiert de Stil an d'Technike vun enger Persoun, Plaz oder Saach, fir hire lächerleche Grondcharakter erauszeschaffen.
Other Languages
Afrikaans: Satire
العربية: هجاء (أدب)
asturianu: Sátira
azərbaycanca: Satira
تۆرکجه: طنز
Bân-lâm-gú: Khau-sé
башҡортса: Сатира
беларуская: Сатыра
беларуская (тарашкевіца)‎: Сатыра
български: Сатира
bosanski: Satira
brezhoneg: Flemmskrid
català: Sàtira
čeština: Satira
Cymraeg: Dychan
dansk: Satire
Deutsch: Satire
eesti: Satiir
Ελληνικά: Σάτιρα
English: Satire
español: Sátira
Esperanto: Satiro
euskara: Satira
فارسی: طنز
français: Satire
furlan: Satire
galego: Sátira
한국어: 풍자
հայերեն: Երգիծանք
हिन्दी: कटूपहास
hrvatski: Satira
Ido: Satiro
Bahasa Indonesia: Satire
italiano: Satira
עברית: סאטירה
ქართული: სატირა
қазақша: Сатира
Кыргызча: Сатира
Latina: Satura
latviešu: Satīra
lietuvių: Satyra
Limburgs: Satire
magyar: Szatíra
македонски: Сатира
Bahasa Melayu: Satira
Nederlands: Satire
日本語: 風刺
norsk: Satire
norsk nynorsk: Satire
occitan: Satira
oʻzbekcha/ўзбекча: Satira
ਪੰਜਾਬੀ: ਵਿਅੰਗ
polski: Satyra
português: Sátira
română: Satiră
русиньскый: Сатіра
русский: Сатира
саха тыла: Сатира
sicilianu: Sàtira
Simple English: Satire
سنڌي: طنز
slovenčina: Satira
کوردی: تیز
српски / srpski: Сатира
srpskohrvatski / српскохрватски: Satira
suomi: Satiiri
svenska: Satir
Tagalog: Tuya
தமிழ்: அங்கதம்
Türkçe: Hiciv
українська: Сатира
Tiếng Việt: Châm biếm
中文: 讽刺