Roskosmos

Logo vun der russescher Raumfaartagentur mat kyrillescher Bezeechnung: Roskosmos
De Sarja Modul vu Roskosmos, Basis vun der ISS.

Roskosmos (Роскосмос) ass d'Raumfaartagentur vum Russesche Staatebond. D'Agentur ass fir den zivile Raumfaartprogramm vum Land zoustänneg an huet hire Sëtz am Stärestiedchen no bei Moskau. Si gouf 1992 no der Opléisung vun der Sowjetunioun an der Grënnung vum Russesche Staatebond gegrënnt an huet déi néideg Ressourcen vun der sowjetescher Raumfaart iwwerholl. Fréier Nimm vun der Agentur sinn RKA (Rossijskoje Kosmitscheskoje Agenstwo), RAKA (Rossiiskoje Awiazionno-Koswitscheskoje Agenstwo) an Rosaviakosmos.

Leeder vu Roskosmos ass zanter 2010 Uewerbefeelshaber vun de Raumsträitkräften Wladimir Alexandrowitsch Popowkin. Roskosmos benotzt aktuell zwou Raumfaartgaren: Plessezk bei Archangelsk a Russland, dat vum russesche Staatebond laangfristeg zu der Haaptbasis ausgebaut soll ginn, souwéi Baikonur am Kasachstan, d'Haaptbasis vun der sowjetescher Raumfaart. Fir d'benotzen vu Baikonur mussen op Basis e Pachtvertrag Steieren un Kasachstan bezuelt ginn. Als méiglech Alternativ zu Baikonur gouf Swobodny am wäiten Oste vu Russland a Betruecht gezu ginn. Vill Rakéite goufen och vum Startkomplex Kapustin Jar op der Wolga fortgeschoss.

Laang Zäit gouf d'Raumstatioun Mir vun der russescher Raumfaartagentur gefouert, déi sech trotz Finanzéierungsschwieregkeeten nach aacht Joer méi laang wéi virgesinn am Déngscht gehalen hat. Si gouf den 23. Mäerz 2001 opginn, well een sech op d'ISS konzentréiere wollt.

Zanter der Astellung vum Space-Shuttle-Programm bedeelegt Russland sech elo haaptsächlech beim Ravitaillement vun der ISS, woubäi Sojus-Rakéite mam Sojus-Raumschëff a mam Progress-Raumtransporter agesat ginn.

Roskosmos ass Vollmember vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).

Other Languages
বাংলা: রসকসমস
čeština: Roskosmos
Deutsch: Roskosmos
English: Roscosmos
Esperanto: Roskosmos
français: Roscosmos
italiano: Roscosmos
עברית: רוסקוסמוס
Kiswahili: Roskosmos
latviešu: Roskosmos
lietuvių: Roskosmos
Nederlands: Roskosmos
norsk: Roskosmos
polski: Roskosmos
русский: Роскосмос
Scots: Roscosmos
српски / srpski: Роскосмос
srpskohrvatski / српскохрватски: Ruska svemirska agencija
татарча/tatarça: Роскосмос
Türkçe: Roskosmos
українська: Роскосмос