Pond

Pond ass eng al Mooss fir Mass. Den Numm kënnt vum Laténgesche pondus ( Gewiicht). D'Gewiichtsunitéit gouf och geholl fir Edelmetaller ze weien, an ass sou och eng Währungsunitéit.

Obwuel et scho laang keng offiziell Unitéit méi ass, gëtt et ëmgangssproochlech (virun allem beim Kaf vu Liewensmëttel am Lassenen), nach dacks gebraucht fir en hallwe Kilogramm (500 Gramm).

Pond als Gewiichtsunitéit

D'Pond ass fir d'éischt am karolengesche Räich opgedaucht. Et geet op dat alréimescht Libra zréck, vun deem och d'Kuerzzechen Lb oder lb iwwerholl gouf. Ënner dem Karel de Groussen gouf d'Gewiicht gehéckt (Karls-Pond), op wéi vill genee, ass haut net méi gewosst.

Am Mëttelalter war d'Pond als Gewiichtsmooss a ganz Europa verbreet, säi Gewiicht war awer vu Stad zu Stad verschidden. 1854 huet den Däitschen Zollveräin d'Pond op exakt 500 Gramm festgeluecht.

D'Pond ass keng SI-Eenheet.

D' amerikanescht a britescht Pond (och Avoirdupois Weight genannt) huet exakt 453,59237 Gramm an entsprécht 16 Onzen. D'US- an d'britesch Apdikterpond (Troy pound) do dergéint huet eng Mass vun exakt 373,2417216 Gramm an ass an 12 Rengonzen (Troy ounce) ënneragedeelt. D'Reng-Onz (31,1035 Gramm) ass d'Gewiichtsunitéit fir de Goldhandel.

Other Languages
Afrikaans: Pond (eenheid)
العربية: رطل
български: Фунт
Boarisch: Pfund
bosanski: Funta
Чӑвашла: Кĕренке
Deutsch: Pfund
English: Pound (mass)
Esperanto: Funto
føroyskt: Pund (vekteind)
galego: Libra (masa)
Հայերեն: Ֆունտ
hrvatski: Funta
Bahasa Indonesia: Pon (satuan)
italiano: Libbra
עברית: ליברה
Kiswahili: Ratili
Kreyòl ayisyen: Liv (mezi)
lietuvių: Svaras
македонски: Фунта (единица)
Bahasa Melayu: Paun (jisim)
Nederlands: Pond (massa)
norsk nynorsk: Pund
occitan: Liura (pes)
oʻzbekcha/ўзбекча: Funt
Patois: Pong
Piemontèis: Lira
Plattdüütsch: Pund
polski: Funt (masa)
português: Libra (massa)
Ripoarisch: Pongk
română: Livră
Scots: Pund
Simple English: Pound (mass)
slovenčina: Libra (hmotnosť)
slovenščina: Funt (mera)
српски / srpski: Фунта (маса)
srpskohrvatski / српскохрватски: Funta (masa)
suomi: Pauna
தமிழ்: பவுண்டு
Tiếng Việt: Pound (khối lượng)
Winaray: Libra
ייִדיש: פונט
粵語:
中文: