Orakel vun Delphi

D'Themis an den Aegeus.

D'Orakel vun Delphi, bei der griichescher Stad Delphi, zielt zu de bekanntsten Orakele vun der Antiquitéit.

Originnen

Delphi läit an enger aarmer Regioun. Déi éischt Occupatioun um Golf vu Korinth kann ëm d' 3. Joerdausend v. Chr. datéiert ginn. Géint 1400 ass de Site vum haitegen Orakel zwar net bewunnt, mä et fënnt ee Spure vun engem virgeschichtlechen Hellegtum.

Ufanks gouf et zwee Hellegtümer fir weiblech Gottheeten, ee fir d' Gaia, d'Gëttin vun der Äerd, an ee fir d' Athena. De Kult vun der Gaia bleift bis an de Klasseschen Zäitalter bestoen, während d'Athena op Marmaria "plënnert".

Déi geschichtlech Haaptquell fir Delphi ass de griichesche Geograph Pausanias ( 2. Joerhonnert eiser Zäit). Hie kënnt aus Klengasien an huet d'ganz griichesch Welt bereest a beschriwwen, an domat wäertvoll geschichtlech Notizen hannerlooss.

Other Languages