Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow

Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow
Nikolay A Rimsky Korsakov 1897.jpg
Gebuer6. Mäerz 1844 jul.
Gestuerwen21. Juni 1908
DoudesursaachHäerzschlag
NationalitéitRussescht Keeserräich
AktivitéitKomponist, Dirigent, Musikolog, Pedagog, Autobiograph, Musekspedagog, Musekstheoretiker, Enseignant, Universitéitsprofesser
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow (ru.: Никола́й Андре́евич Ри́мский-Ко́рсаков, gebuer den 6. Mäerzjul./ 18. Mäerz 1844greg. zu Tichwin bei Sankt Péitersbuerg, a gestuerwen den 8. Junijul./ 21. Juni 1908greg. op Ljubensk bei Luga, war e russesche Komponist.

Hie war vun 1871 bis 1874 Professer für Instrumentatioun a Kompositioun um Sankt Péitersbuerger Conservatoire, du bis 1881 Direkter vun der Fräischul fir Musek an huet och als Dirigent a Pädagog geschafft.

Säi Kompositiounsstil war war vum Glinka a Balakirew, Berlioz a Liszt beaflosst.

Hien huet 15 Opere geschaf, divers Orchesterwierker, déi meeschtens zu der Programmmusek gezielt ginn, ma och Chouerwierker, Kammer- a Pianosmusek, Lieder, Transkriptiounen an Orchestréierungen.

Operen

  • Pskowitjanka (D'Meedche vu Pskow) (1868–72, UA 1873)
  • Bojarynja Wera Scheloga (D'Bojarin Wera Scheloga) (1877–78, UA 1898)
  • Maiskaja notsch (Meenuecht) (1878–79, UA 1880)
  • Snegurotschka (Schnéifläckelchen) (1880–81, UA 1882)
  • Mlada (1889–90, UA 1892)
  • Notsch pered Rojdestwom (D'Nuecht viru Chrëschtdag) (1894–95, UA 1895)
  • Sadko (1895–96, UA 1898)
  • Mozart i Saljeri (De Mozart an de Salieri) (1897, UA 1898)
  • Zarskaja newesta (Dem Zar seng Braut) (1898, UA 1899)
  • Skaska o zare Saltane (D'Mäerche vum Zar Saltan) (1899–1900, UA 1900 – dodra säi wuel bkanntst Wierk: "De Fluch vun der Bommel")
  • Serwilja (Servilia) (1900–01, UA 1902)
  • Kaschtschei Bessmertny (Den Onstierfleche Kaschtschei) (1901–02, UA 1902)
  • Pan Wojewoda (1902–03, UA 1904)
  • Skasanije o newidimom grade Kiteje i dewe Fewronii (D'Legend vun der onsichtbarer Stad Kitej an der Joffer Fewronija) (1903–04, UA 1907)
  • Solotoi petuschok (De gëllenen Hunn) (1906–07, UA 1909)

Sinfonien

  • Sinfonie Nr. 1 es-Moll op. 1 (1861–65/1884)
  • Sinfonie Nr. 2 op. 9 Antar (1868/75/97)
  • Sinfonie Nr. 3 a-Moll + C-Dur (1866-73/1886/1899/1904–1906)

Soss Orchesterwierker

  • Ouverture iwwer russesch Themen op. 28 (1866/1879–80)
  • Fantasie iwwer serbesch Themen op. 6 (1867/1886–87)
  • Sadko op. 5 (1867/69/92)
  • Orchestréierung vun 2 Sätz aus dem Pianozyklus Biller aus enger Ausstellung vum Modest Mussorgski (1874)
  • Concert a Si majeur fir Trombone a Blosorchester (Allegro vivace – Andante cantabile – Allegro) (1877–1878)
  • Concertstéck a Mi bémol majeur fir Klarinett a Blosorchester (Allegro moderato – Andante – Allegro moderato) (1878)
  • Variatiounen a Sol mineur fir Hautbois a Blosorchester op en Thema vum Michail Glinka „Chto krasotka molodaya“ (Thema, 12 Variatiounen a Finale) (1878)
  • Skazka (Mäerchen) op. 29 (1879–80)
  • Sinfonietta iwwer russesch Themen La mineur op. 31 (1880–84)
  • Pianosconcert an Do bémol mineur op. 30 (1882–83)
  • Fantasie iwwer zwéi russesch Themen fir gei an Orchester op. 33 (1886–87)
  • Kapritschtschio na ispanskije temi (Capriccio espagnol) op. 34 (1887)
  • Scheherazade. Sinfonesch Suite op. 35 (1888)
  • Svetliy prazdnik (Russesch Ouschteren). Ouverture op. 36 (1888)
  • Serenade fir Cello an Orchester op. 37 (1903)
  • Nad mogiloy (Beim Graf) op. 61 (1904)
  • Dubinuschka op. 62 (1905)

Kammermusek

  • Sträichquartett a Fa majeur op. 12 (1875)
  • Sträichsextett a La majeur (1876)
  • Quintett a Si majeur fir Flütt, Klarinett, Cor, Fagott a Piano (1876)
  • Sträichquartett iwwer russesc Themen (1878–79; 1.–3. Saz gouf zu der Sinfonietta op. 31 verschafft )
  • Sträichquartett Sol majeur (1897)
  • Pianotrio Do mineur (1897)

Musektheoretescht Wierk

  • Nikolai Rimsky-Korsakow: (de: "Harmonielehre"; en: "Principles of orchestration")
Other Languages
asturianu: Rimsky-Korsakov
Bahasa Indonesia: Nikolai Rimsky-Korsakov
oʻzbekcha/ўзбекча: Nikolay Rimskiy-Korsakov
Simple English: Nikolai Rimsky-Korsakov
srpskohrvatski / српскохрватски: Nikolaj Rimski-Korsakov