Neptun (Mythologie)

Triumph vum Neptun (réimesche Mosaik aus dem 3. Jh.)

Den Neptun ( Latäin neptunus; etruskesch netun(u)s) ass e réimesche Gott, equivalent zum griichesche Waassergott Poseidon. En ass de Gott vun de fléissende Gewässer bis en ufangs 3. Joerhonnert dem Poseidon gläichgestallt gouf a sou och als Mieresgottheet unerkannt ginn ass. Der Mythologie no sinn seng Elteren de Saturn an d' Ops an seng Bridder de Pluto an de Jupiter, ausserdeem ass hien mam Amphitrite bestuet, déi och als Mamm vun den Zyklope bekannt ass. Et ass ongewëss, ob den Triton och an der réimescher Mythologie säi Jong ass an ob hien iwwerhaapt Nokommen huet.

Duergestallt gëtt de Neptun meeschtens mat sengem Symbol, dem Dräizack an zesumme mat Miereswiesen oder Delphiner a mat laangen Hoer an engem laange Baart. Hie steet meeschtens op enger Prora oder engem Won gezu vun Delphinpäerd. Den Neptun wunnt an der Mieresdéift mat anere klenge Mieresgottheeten.

Kult

D'Fest vum Neptun am Réimesche Räich war dNeptunalia, déi an eisem Kalenner de 23. Juli entsprécht. Doriwwer ass awer net vill bekannt, et weess ee just datt Hütten opgeriicht goufen. Ausserdeem waren him zwéin Tempelen um Marsfeld zu Roum gewidmet: ee beim Circus Flaminius an ee beim Pantheon.

Zanter der Renaissance ass den Neptun e beléift Motiv fir bei Pëtzer.

Et ass schwéier, de griichesche Gott Poseidon vum réimesche Gott Neptun z'ënnerscheeden, trotzdem soll ee se net gläichsetzen, engersäits deele si zwar hier Attributer an Eegenaarten, mä hier Originë sinn net déi nämmlecht.

Other Languages
Alemannisch: Neptunus
azərbaycanca: Neptun (mifologiya)
беларуская: Нептун (міфалогія)
brezhoneg: Neptunus
eesti: Neptunus
Ελληνικά: Νεπτούνους
Esperanto: Neptuno (dio)
한국어: 넵투누스
Bahasa Indonesia: Neptunus (mitologi)
interlingua: Neptuno (deo)
íslenska: Neptúnus (guð)
Kiswahili: Neptuni
norsk nynorsk: Guden Neptun
occitan: Neptune
Piemontèis: Netun
саха тыла: Нептун (таҥара)
Simple English: Neptune (mythology)
slovenčina: Neptún (boh)
slovenščina: Neptun (mitologija)
srpskohrvatski / српскохрватски: Neptun (mitologija)
українська: Нептун (міфологія)
Tiếng Việt: Neptune (thần thoại)
中文: 尼普顿