Mumiy Troll

Musical note nicu bucule 01.svgDëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Bandmemberen am Joer 2016
Mumiy Troll, op engem Festival am WDNCh zu Moskau (2013)

Mumiy Troll (Мумий Тролль) ass eng russesch Museksgrupp vu Wladiwostok, déi 1983 vum Bandleader Ilja Lagutenko als Mumi Troll gegrënnt gouf (Муми Тролль).[1] De Stil vun der Grupp verbënnt Elementer vum Alternative Rock, Brit-Pop, Pop-Rock an Indie Rock.

De Lagutenko huet sech bei der Sich no engem Bandnumm un de Figuren aus de Bicher vun der finnesch-schwedescher Schrëftstellerin Tove Jansson, de "Mumin-Trollen", orientéiert.

Mam Album Morskaja (Морская) vun 1997 huet hire grousse Succès mat ronn 1 Millioun Kopien ugefaangen.[2] Beléift Hitte waren Utekai (Утекай, 1997), Wladiwostok 2000 (Владивосток 2000, 1997),[3][4] grad wéi och Delfiny (Дельфины, 1997) an Nevesta? (Невеста?, 1999)

Mumiy Troll huet Russland um Eurovision Song Contest 2001 zu Kopenhagen vertrueden. Mam Lidd Lady Alpine Blue ass d'Grupp do mat 37 Punkten op déi 12. Plaz komm.[5]

Aktuell Memberen

  • Ilja Lagutenko: Gesank, Gittar
  • Alexander Cholenko: Bass
  • Oleg Pungin: Batterie
Other Languages
Deutsch: Mumi Troll
English: Mumiy Troll
español: Mumiy Troll
français: Mumiy Troll
한국어: 무미 뜨롤
հայերեն: Մումիյ Տրոլլ
íslenska: Mumiy Troll
italiano: Mumij Troll'
lietuvių: Mumij Troll
Nederlands: Moemi Troll
norsk nynorsk: Mumij Troll
polski: Mumij Troll
português: Mumiy Troll
русский: Мумий Тролль
suomi: Mumi Troll
svenska: Mumij Troll
Türkçe: Mumiy Troll
українська: Мумій Тролль