Michael C. Hall

Michael C. Hall (2011)

De Michael Carlisle Hall, gebuer den 1. Februar 1971 zu Raleigh, North Carolina an den USA ass en US-amerikanesche Schauspiller.

No sengem Ofschloss um College huet hie Carrière um Broadway an Off-Broadway gemaach. Seng bekanntst Rolle sinn déi vum David Fisher an der Televisiounsserie Six Feet Under, déi hie vun 2001 bis 2005 gespillt huet, an d'Haaptroll als Seriemäerder a Forensiker Dexter Morgan an der Televisiounsserie Dexter (2006-2013). Fir déi Roll huet hien 2010 e Golden Globe Award an e Screen Actors Guild Award gewonnen.

De Michael C. Hall ass am Mee 2002 mat der Schauspillerin Amy Spanger bestuet ginn, mee 2006 hu si sech nees scheede gelooss. Am Januar 2009 hunn hien an d' Jennifer Carpenter, dat och an der Serie Dexter matgespillt huet, sech vir d'éischte Kéier an der Ëffentlechkeet als bestuete Koppel presentéiert. 2011 war d'Scheedung. 2016 huet den Hall seng drëtt Fra, d'Morgan Macgregor bestued.

Filmographie (Auswiel)

Film

  • 2003: Paycheck
  • 2009: Gamer
  • 2011: Peep World
  • 2012: The Trouble with Bliss
  • 2013: Kill Your Darlings
  • 2014: Cold in July
  • 2016: Christine
  • 2016: After Adderall
  • 2017: Mark Felt: The Man Who Brought Down the White House¨

Televisioun

  • 2001–05 : Six Feet Under
  • 2006-13 : Dexter
  • 2011: Vietnam in HD (als Erzieler)
  • 2015-17: Star vs. the Forces of Evil
Other Languages
العربية: مايكل ك. هول
asturianu: Michael C. Hall
Bân-lâm-gú: Michael C. Hall
български: Майкъл Хол
čeština: Michael C. Hall
español: Michael C. Hall
français: Michael C. Hall
한국어: 마이클 C. 홀
hrvatski: Michael C. Hall
Bahasa Indonesia: Michael C. Hall
italiano: Michael C. Hall
lietuvių: Michael C. Hall
Nederlands: Michael C. Hall
português: Michael C. Hall
română: Michael C. Hall
slovenčina: Michael C. Hall
српски / srpski: Мајкл Си Хол
srpskohrvatski / српскохрватски: Michael C. Hall
Türkçe: Michael C. Hall
українська: Майкл Голл