Metal

Metal (Kuerzform vun Heavy Metal) ass eng ofwiesselungsräich an zum Deel och relativ komplex Museksrichtung, déi hir Wuerzelen am Hard Rock aus de spéiden 60er an den 70er Joren huet. Déi vill Substiler – z. B. Gothic Metal, Death Metal, Power Metal, Viking Metal, Progressive Metal asw. – ënnerscheede sech zum Deel ganz gewalteg. Sou geet déi musikalesch Palette vun einfachen, meeschtens rhythmesch séiere Lidderstrukture bis bei komplizéiert multiinstrumental Kompositiounen, déi et soss just an der klassescher Musek gëtt.

Obwuel Metal säin Héichpunkt an den 80er Jore kannt huet, gëtt et och haut nach eng wichteg Metal Subkultur, där Leit aus deene verschiddenste Generatiounen ugehéieren. Zu enger Subkultur gehéiert gewéinlech och e bestëmmte Kleedungsstil, verschidde Weltopfaassungen a Behuelensformen. Och an der Metal-Subkultur ass dat net anescht. Mä duerch d'Entwécklung vun deene ville verschiddene Substilrichtunge gëtt et keen eenheetleche Kleedungs – a Mentalitéitsstil méi. Dee wäitverbreete Klischee vum Metaller mat de laangen Hoer, der Liedersbox an de schwaarzen T-Shirte mam Band-Logo ass haut deemno net méi sou aktuell.

Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng Metalszeen, wa s'och am Verglach mat Länner wéi Däitschland, Schweden, Finnland asw. ganz kleng ass an d'Treffméiglechkeeten, sief et Concerten, Festivaller oder Caféen, zimlech moer geseet sinn.

Other Languages
Afrikaans: Heavy metal
Alemannisch: Heavy Metal
aragonés: Heavy metal
asturianu: Heavy metal
azərbaycanca: Metal musiqi
беларуская: Метал (музыка)
беларуская (тарашкевіца)‎: Мэтал (музыка)
български: Хеви метъл
Boarisch: Metal
bosanski: Heavy metal
brezhoneg: Heavy metal
català: Heavy metal
čeština: Heavy metal
Deutsch: Metal
Ελληνικά: Heavy metal
emiliàn e rumagnòl: Heavy metal
español: Heavy metal
Esperanto: Metalroko
estremeñu: Heavy Metal
euskara: Heavy metal
føroyskt: Heavy Metal
français: Heavy metal
furlan: Heavy metal
Gàidhlig: Meatailt throm
galego: Heavy metal
한국어: 헤비 메탈
հայերեն: Մետալ
hrvatski: Heavy metal
Bahasa Indonesia: Heavy metal
interlingua: Metal
íslenska: Þungarokk
italiano: Heavy metal
עברית: הבי מטאל
Basa Jawa: Heavy Metal
ქართული: მძიმე მეტალი
Limburgs: Metal
magyar: Heavy metal
македонски: Хеви метал музика
მარგალური: მონკა მეტალი
مازِرونی: هوی متال
Bahasa Melayu: Muzik heavy metal
монгол: Метал рок
Nederlands: Heavy metal
Nedersaksies: Metal (muziek)
नेपाल भाषा: हेभी मेटल संगीत
norsk nynorsk: Heavy metal
occitan: Heavy metal
oʻzbekcha/ўзбекча: Heavy metal
Picard: Heavy metal
polski: Heavy metal
português: Heavy metal
română: Heavy metal
Runa Simi: Heavy metal
русский: Метал
Simple English: Heavy metal music
slovenčina: Heavy metal
slovenščina: Metal
ślůnski: Hewimetal
српски / srpski: Хеви метал
srpskohrvatski / српскохрватски: Heavy metal
svenska: Heavy metal
Türkçe: Heavy metal
vèneto: Heavy Metal
Tiếng Việt: Heavy metal
West-Vlams: Metal (muzik)
žemaitėška: Metala mozėka