Mac OS X ass e Markennumm fir Betribssystemer vun der Firma Apple. Déi éischt Versioun vu Mac OS X koum den 13. September 2000 op de Maart mam Numm Mac OS X public beta.
Mac OS X ass den Nofolger vun OPENSTEP an déi technesch Weiderentwécklung vu Mac OS 9. E baséiert op UNIX, mat engem Open Source Kernel aus Mach-Kernel an Darwin.
Enger Etüd no sinn um Ufank vum Joer 2010 an Europa an der Moyenne fënnef Prozent vun de Computeren, déi an den Internet ginn, ënner OS X Intel gelaf. Lëtzebuerg beleet dobäi, mat 10,4 %, déi éischt Plaz.[1]