Libanon


الجمهورية اللبنانية
al-Dschumhūriyya al-lubnāniyya
Republik Libanon

Fändel vum Libanon

Wope vum Libanon

Detailer

Detailer
Lebanon (orthographic projection).svg
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Beirut
Staatsform: Republik
 • President: Michel Aoun
 • Premierminister: Saad Hariri
Fläch: 10.452 km² ( 166.)
 • Dovu Waasser: 1,8 %
Bevëlkerung: 6.184.701 ( 112.)
 • Bevëlkerungsdicht: 560/ km²
Onofhängegkeet: 22. November 1943 (erkläert)
24. Oktober 1945 (Enn vum Mandat)
31. Dezember 1946 (Réckzuch vun de frans. Truppen)
Nationalhymn: Kulluna lil-watan ("Alleguer, fir d'Heemechtsland")
Währung: Libanesescht Pond
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .lb
Internationalen
Telefonsprefix
:
+961
Lebanon - Location Map (2012) - LBN - UNOCHA.svg

De Libanon, offiziell d'Republik Libanon, ass e Staat am Nohen Osten. E grenzt u Syrien am Norden an am Osten an un Israel am Süden. Zypern läit westlech am Mëttelmier. Dem Land seng strategesch Lag op der Kräizung vum Mëttelmier an dem arabeschen Hannerland huet zu senger räicher Geschicht bäigedroen an trotz reliéiser an ethnescher Differenz eng kulturell Identitéit ervirbruecht. Mat nëmmen 10.452 Quadratkilometer (ongeféier véier Mol esou grouss wéi Lëtzebuerg) ass et dat klengst international unerkannt Land um asiatesche Kontinent.

Déi éischte Zeie vun enger Zivilisatioun am Libanon si méi wéi 7000 Joer al. De Libanon war d'Heemecht vun de Kanaaniter/ Phenizier an hire Kinnekräicher, enger maritimer Kultur, déi sech iwwer 1000 Joer konnt halen (ca. 1550-539 virun eiser Zäitrechnung). 64 virun eiser Zäitrechnung ass d'Regioun ënner d'Kontroll vum réimesche Räich gefall a spéider zu engem vun dem Räich senge wichtegsten Zentren vun der chrëschtlecher Relioun ginn. An der Biergkette vum Libanon (Mont Liban) ass eng d' maronitesch Kierch gegrënnt ginn. Wéi d'arabesch Moslemen d'Regioun eruewert hunn, hunn d'Maroniten un hirer Relioun an Identitéit festgehalen. Donieft huet sech awer am Mont Liban och nach eng aner reliéis Grupp entwéckelt, d' Drusen. Während de Kräizzich hunn d'Maroniten de Kontakt mat der kathoulescher Kierch retabléiert an hir Bindung zu Roum erkläert, wat en direkten Afloss op d'Regioun hat. Schlussendlech ass d'Regioun tëscht 1516 an 1918 vum Osmanesche Räich regéiert ginn.

Nom Zesummefall vun osmanesche Räich nom éischte Weltkrich sinn déi fënnef Provënzen, déi den haitege Libanon sinn, 1918 zum franséische Mandat ginn. D'Fransousen hunn d'Grenze vun deem historesche Gouvernorat vum Mont Liban, an deem haaptsächlech Chrëschten an Druse gewunnt hunn, erweidert fir méi Moslemen anzebegräifen. 1943 huet de Libanon seng Onofhängegkeet erkläert an de "Konfessionalismus" etabléiert, eng eenzegaarteg Form vu Konkordanzdemokratie an där d'Muecht am Land tëscht deene verschiddene reliéise Communautéiten opgedeelt gëtt. All auslännesch Truppen hu sech bis zum 31. Dezember 1946 aus dem Libanon zréckgezunn. Zënter 1973 ass de Libanon Member vun der Organisation internationale de la francophonie.

Trotz senger gerénger Gréisst huet d'Land eng bekannt Kultur an e groussen Afloss an der arabescher Welt entwéckelt. Virum libanesesche Biergerkrich (1975-1990) huet de Libanon eng relativ roueg Period mat Wuelstand kannt, déi vun Tourismus, Landwirtschaft, Handel an der Bankeplaz gedriwwe gi war. Wéinst senger finanzieller Muecht an Diversitéit während senge beschten Zäiten ass de Libanon an den 1960 dacks d'"Schwäiz vum Osten" genannt ginn, an d'Haaptstad Beirut huet esouvill Touristen ugezunn, datt de den Spëtznumm "Paräis vum Nohen Oste" krut. Nom Krich si wäitleefeg Efforte gemaach ginn, fir d'Wirtschaft nees op d'Been ze setzen an déi national Infrastruktur erëm opzebauen. Trotz all deenen Problemer huet de Libanon den héchsten Human Development Index an dat héchst Pro-Kapp-Akommes an der arabescher Welt ausserhalb vun de Pëtrollstaaten am persesche Golf.

Biller

Other Languages
Acèh: Lubnan
Адыгэбзэ: Ливан
адыгабзэ: Ливан
Afrikaans: Libanon
Alemannisch: Libanon
አማርኛ: ሊባኖስ
Ænglisc: Libanus
العربية: لبنان
aragonés: Liban
ܐܪܡܝܐ: ܠܒܢܢ
arpetan: Liban
অসমীয়া: লেবানন
asturianu: El Líbanu
Avañe'ẽ: Lívano
azərbaycanca: Livan
تۆرکجه: لوبنان
bamanankan: Lubenan
বাংলা: লেবানন
Bân-lâm-gú: Lī-pa-lùn
башҡортса: Ливан
беларуская: Ліван
беларуская (тарашкевіца)‎: Лібан
भोजपुरी: लेबनान
Bikol Central: Lebanon
български: Ливан
Boarisch: Libanon
བོད་ཡིག: ལེ་པ་ནོན།
bosanski: Liban
brezhoneg: Liban
буряад: Ливан
català: Líban
Чӑвашла: Ливан
Cebuano: Libano
čeština: Libanon
Chavacano de Zamboanga: Líbano
chiShona: Lebanon
chiTumbuka: Lebanon
Cymraeg: Libanus
dansk: Libanon
davvisámegiella: Libanon
Deutsch: Libanon
ދިވެހިބަސް: ލުބުނާން
dolnoserbski: Libanon
eesti: Liibanon
Ελληνικά: Λίβανος
English: Lebanon
español: Líbano
Esperanto: Libano
estremeñu: Líbanu
euskara: Libano
فارسی: لبنان
Fiji Hindi: Lebanon
føroyskt: Libanon
français: Liban
Frysk: Libanon
Gaeilge: An Liobáin
Gaelg: Yn Livaan
Gagauz: Livan
Gàidhlig: Leabanon
galego: Líbano
Gĩkũyũ: Lebanon
ગુજરાતી: લેબેનાન
गोंयची कोंकणी / Gõychi Konknni: लेबनॉन
客家語/Hak-kâ-ngî: Lì-pâ-nun
한국어: 레바논
Hausa: Lebanon
Hawaiʻi: Lepanona
Հայերեն: Լիբանան
हिन्दी: लेबनान
hornjoserbsce: Libanon
hrvatski: Libanon
Ido: Libano
Igbo: Lebanon
Ilokano: Lebanon
বিষ্ণুপ্রিয়া মণিপুরী: লেবানন
Bahasa Indonesia: Lebanon
interlingua: Libano
Interlingue: Libano
Ирон: Ливан
íslenska: Líbanon
italiano: Libano
עברית: לבנון
Basa Jawa: Libanon
kalaallisut: Lebanon
Kapampangan: Libano
ქართული: ლიბანი
kaszëbsczi: Liban
қазақша: Ливан
kernowek: Lebnon
Kinyarwanda: Libani
Kiswahili: Lebanoni
коми: Ливан
Kongo: Lebanon
Kreyòl ayisyen: Liban
Kurdî: Libnan
Кыргызча: Ливан
Ladino: Levanon
лезги: Ливан
لۊری شومالی: لوبنان
Latina: Libanus
latviešu: Libāna
lietuvių: Libanas
Ligure: Libano
Limburgs: Libanon
lingála: Liban
Livvinkarjala: Livanu
la .lojban.: lu'orgu'e
lumbaart: Liban
magyar: Libanon
македонски: Либан
Malagasy: Libana
മലയാളം: ലെബനാൻ
Malti: Libanu
मराठी: लेबेनॉन
მარგალური: ლიბანი
مصرى: لبنان
مازِرونی: لبنان
Bahasa Melayu: Lubnan
Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄: Lé-bă-nâung
мокшень: Ливан
монгол: Ливан
မြန်မာဘာသာ: လက်ဘနွန်နိုင်ငံ
Nāhuatl: Libano
Dorerin Naoero: Ribanon
Nederlands: Libanon
नेपाली: लेबनान
नेपाल भाषा: लेबानन
日本語: レバノン
Napulitano: Libbano
нохчийн: Ливан
Nordfriisk: Liibanon
Norfuk / Pitkern: Lebanon
norsk: Libanon
norsk nynorsk: Libanon
Novial: Liban
occitan: Liban
олык марий: Ливан
ଓଡ଼ିଆ: ଲେବାନନ
Oromoo: Libaanon
oʻzbekcha/ўзбекча: Livan
ਪੰਜਾਬੀ: ਲਿਬਨਾਨ
पालि: लेबनान
پنجابی: لبنان
Papiamentu: Líbano
پښتو: ليبنان
Patois: Lebanan
ភាសាខ្មែរ: លីបង់
Picard: Liban
Piemontèis: Lìban
Tok Pisin: Lebanon
Plattdüütsch: Libanon
polski: Liban
Ποντιακά: Λίβανος
português: Líbano
Qaraqalpaqsha: Livan
qırımtatarca: Lübnan
română: Liban
Runa Simi: Libanu
русский: Ливан
саха тыла: Либан
संस्कृतम्: लेबनान
Scots: Lebanon
shqip: Libani
sicilianu: Lìbbanu
Simple English: Lebanon
SiSwati: ILibhanoni
slovenčina: Libanon
slovenščina: Libanon
ślůnski: Liban
Soomaaliga: Lubnaan
کوردی: لوبنان
српски / srpski: Либан
srpskohrvatski / српскохрватски: Libanon
Basa Sunda: Libanon
suomi: Libanon
svenska: Libanon
Tagalog: Lebanon
தமிழ்: லெபனான்
Taqbaylit: Lubnan
татарча/tatarça: Ливан
తెలుగు: లెబనాన్
tetun: Líbanu
тоҷикӣ: Лубнон
Türkçe: Lübnan
Türkmençe: Liwan
удмурт: Ливан
ᨅᨔ ᨕᨘᨁᨗ: Lebanon
українська: Ліван
اردو: لبنان
ئۇيغۇرچە / Uyghurche: لىۋان
vèneto: Libano
vepsän kel’: Livan
Tiếng Việt: Liban
Volapük: Libanän
Võro: Liibanon
文言: 黎巴嫩
West-Vlams: Libanon
Winaray: Libano
Wolof: Libaa
吴语: 黎巴嫩
Xitsonga: Lebanon
ייִדיש: לבנון
粵語: 黎巴嫩
Zazaki: Lubnan
Zeêuws: Libanon
žemaitėška: Lėbans
中文: 黎巴嫩
डोटेली: लेवनान
Kabɩyɛ: Liibaŋ