Leopold Hager

De Leopold Hager gebuer de 6. Oktober 1935 zu Salzburg, an Éisträich, ass en éisträichesche Museker an Dirigent. Hien ass weltbekannt duerch seng Interpretatioune vu Wierker aus der éischter éisträichescher Schoul ( Haydn, Mozart, Beethoven a Schubert). Hie war och Dirigent vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, dem Virleefer vum haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg. An dëser Funktioun war hien den Nofolger vum Louis de Froment an de Virgänger vum David Shallon.

Hien huet um Salzburger Mozarteum (1949-1957) Piano, Uergel, Harf, Orchesterféierung a Kompositioun beim Paumgartner, Wimberger, Bresgen, J.N. David, a Kornauth studéiert.

Seng Carrière

  • 1957-1962: Dirigent-Assistent am Mainzer Stadtheater;
  • 1962-1964: Dirigent, Landestheater Linz;
  • 1964-1965: Dirigent, Oper vu Köln;
  • 1965-1969: Generalmusikdirektor zu Freiburg im Breisgau;
  • 1969-1981: Chefdirigent vum Mozarteum Orchester zu Salzburg;
  • 1976 huet hie seng Debuten am Metropolitan Opera House zu New York gemaach an huet do d'Oper Le Nozze di Figaro dirigéiert. Hien ass och an aneren Opern-Haiser, (ë. a. Wien a Berlin) opgetratt.
  • 1981 gouf hien Chefdirigent vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, eng Funktioun déi him zu weideren grousse Succès verhollef huet.
  • Bis 2004 huet hien op der University of Music and Performing Arts zu Wien Coursen iwwer d'Orchesterféierung ginn, op enger eng Classe, aus där legendär Dirigenten, wéi Herbert von Karajan, Zubin Mehta and Claudio Abbado ervirgaange sinn. Do huet hien déi grouss Traditioun vu weltbekannte Musekprofesseren, wéi Clemens Krauss an Hans Swarowsky, weidergefouert.
Other Languages
Deutsch: Leopold Hager
English: Leopold Hager
español: Leopold Hager
français: Leopold Hager
hrvatski: Leopold Hager
português: Leopold Hager