Lannen

Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bamgattung Lannen. Fir d'Uertschaft, kuckt w.e.g. Lannen (Réiden).
Lannen
Tilia x vulgaris11.JPEG
Tilia × europaea
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Malvales
Famill Malvaceae
Ënnerfamill Lannegewächser
Wëssenschaftlechen Numm
'Tilia'
L.

D'Lannen (Tilia) sinn eng Planzegattung an der Ënnerfamill vun den Tilioideae bannent der Famill vun de Malvaceae.

D'Lanne si Beem, déi am Wanter hir Blieder verléieren. Si wuesse sympodial a kënnen, jee no Aart, tëscht maximal 15 a 40 Meter héich ginn. Den décksten Duerchméisser variéiert, och jee no Aart, tëscht engem an 1,8 Meter. Lanne kënne bis zu dausend Joer al ginn.

Lanne kënne sech generativ ( Bestäubung duerch Insekten) a vegetativ vermehren.

Et gëtt, jee nodeems wéi gezielt gëtt, tëscht 20 bis 45 Aarte vu Lannen (wouvunner d'Hallschecht a China virkënnt). A Mëtteleuropa sinn et virun allem d' Summer- (Tilia platyphyllos) an d' Wanterlann (Tilia cordata), an eng Krâizung vun deenen zwou (Tilia × europaea), déi virkommen, am Osten och nach d' Sëlwerlann.

Lannenholz gëtt gär gebraucht fir ze schnëtzen an ze modelléieren.

Kulturgeschichtlech spillen d'Lannen an Europa eng wichteg Roll; bei de Germanen an de Slawen hu s'als hellege Bam gegollt. Dacks gouf et an den Dierfer eng al Lann op enger zentraler Plaz, wou verschidden Evenementer ofgehale goufen. Och gëtt et d'Traditioun, fir un en Evenement ze erënneren, eng Lann ze planzen. Zu Lëtzebuerg z. B. huet de Groussherzog Jean 1989, fir de 25. Joresdag vu senger Trounbesteigung, all Gemeng am Land e jonke Lannebam geschenkt. Déi sougenannt Fräiheetsbeem zu Lëtzebuerg ware meeschtens och Lannen.

Galerie vun eenzelen Aarten

Other Languages
Alemannisch: Linden (Botanik)
العربية: زيزفون
aragonés: Tilia
azərbaycanca: Cökə (bitki)
تۆرکجه: جؤکه (بیتکی)
беларуская: Ліпа
беларуская (тарашкевіца)‎: Ліпа
български: Липа
bosanski: Lipa (biljka)
català: Til·ler
Чӑвашла: Çăка
Cebuano: Tilia
čeština: Lípa (rod)
dansk: Lind
dolnoserbski: Lipa
eesti: Pärn
Ελληνικά: Φιλύρα (φυτό)
English: Tilia
эрзянь: Пекше
español: Tilia
Esperanto: Tilio
euskara: Ezki
فارسی: نمدار
français: Tilia
Gaeilge: Teile (crann)
galego: Tileiro
한국어: 피나무속
Հայերեն: Լորենի
hornjoserbsce: Lipa
hrvatski: Lipa (biljka)
Ido: Tilio
Bahasa Indonesia: Tilia
interlingua: Tilia
Ирон: Сусхъæд
íslenska: Linditré
italiano: Tilia
עברית: טיליה
ქართული: ცაცხვი
kaszëbsczi: Lëpa
қазақша: Жөке
коми: Нинпу
Кыргызча: Липа
latviešu: Liepas
lietuvių: Liepa (augalas)
македонски: Липа
мокшень: Пяше
Nederlands: Linde (geslacht)
日本語: シナノキ属
occitan: Tilia
олык марий: Писте
oʻzbekcha/ўзбекча: Joʻka
Перем Коми: Нинпу
Picard: Tilleu
Plattdüütsch: Linnen (Boom)
polski: Lipa
português: Tilia
română: Tei
Runa Simi: Tilu
русский: Липа
sardu: Tilia
Scots: Tilia
Simple English: Tilia
slovenčina: Lipa
slovenščina: Lipa
српски / srpski: Липа
srpskohrvatski / српскохрватски: Lipa
suomi: Lehmukset
svenska: Lindsläktet
татарча/tatarça: Юкә
Türkçe: Ihlamur
удмурт: Беризь
українська: Липа
vepsän kel’: Lehmuz
Tiếng Việt: Chi Đoạn
walon: Tiyoû
Winaray: Tilia
粵語: 椴樹
中文: 椴树