Konjunktioun (Astronomie)

Als Konjunktioun (Astronomescht Symbol: ☌) gëtt de visuelle Rendez-vous vun zwéi Planéiten oder engem Planéit mat der Sonn oder Mound bezeechent. Si trëtt an, wann d'Himmelskierper um Stärenhimmel deselwechte Koordinatewäert vun der Rektaszensioun erreechen. Heiansdo gëtt si och op déi Ekliptikal Längt bezunn (Konjunktioun an der Längt). Wat méi kleng dann d'Koordinatendifferenz an Deklinatioun ass, ëmsou méi no stinn d'Himmelskierper beieneen.

Wa sech bei engem ganz enke Rendez-vous ee vun de Kierper sech virun deen anere réckelt, schwätzt ee vu Beréierung respektiv enger Bedeckung. Als Kontakt ginn déi Momenter bezeechent, wou sech d'Scheiwercher vu baussen oder vun banne visuell beréieren.

Dräi openee folgend Deeg vun der Konjunktioun tëscht Äerdmound a Venus
1 Dag virun dräifacher Konjunktioun vun Äerdmound, Venus a Jupiter
Konjunktioun Mars-Jupiter um mueres den 22. Juli 2013
Other Languages
فارسی: مقارنه
한국어: 합 (천문학)
Bahasa Indonesia: Konjungsi (astronomi)
മലയാളം: അന്തര്യുതി
日本語: 合 (天文)
srpskohrvatski / српскохрватски: Konjunkcija (astronomija)
Türkçe: Kavuşum
українська: Сполучення