Josef Wissarionowitsch Stalin

Josef Wissarionowitsch Stalin
JStalin Secretary general CCCP 1942.jpg
Gebuertsnummიოსებ ბესარიონის ძე ჯუღაშვილი
PseudonymСталин
Gebuer6. Dezember 1878 jul.
Gori
Gestuerwen5. Mäerz 1953
Doudesursaachintrazerebral Bluddung
NationalitéitRussescht Keeserräich, Sowjetunioun
AktivitéitPolitiker, Auteur
ParteiKommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Wikidata-logo-without-paddings.svg
De Stalin am sibireschen Exil (1915)

De Josef Wissarionowitsch Stalin (Иосиф Виссарионович Сталин), gebuer als Iosseb Bessarionis dse Djughaschwili (იოსებ ბესარიონის ძე ჯუღაშვილი) den 18. Dezember 1878 zu Gori a gestuerwen de 5. Mäerz 1953 zu Moskau, war e sowjetesche Politiker mat georgeschen Originnen.

Während senger Zäit un der Spëtzt vun der Sowjetunioun (1920er Jore bi zu sengem Doud 1953) huet en eng totalitär Diktatur erriicht, där eng 20 Millioune Sowjetbierger zum Affer gefall sinn, sief et duerch Hongersnéit am Kader vun der Kollektivéirung vun der Landwirtschaft, politesch "Botzaktiounen" oder Zwangsaarbecht a Stroflager.

Säi Liewen

Als Jong vun enger aarmer georgescher Schousterfamill goung hien zu Tiflis an de Seminaire fir Paschtouer ze ginn. Do gouf hien awer 1899 wéinst senge revolutionären Aktiounen erausgehäit.

Zanter 1903 war hie Bolschewist an ënner dem Decknumm Koba am kommunisteschen Ënnergrond aktiv. Der definitiver Verbannung no Sibirien ass hien all Kéier duerch e puer riskéiert Fuiten entgaang. De Kamfnumm Stalin ("deen aus Stol") huet en 1912 ugeholl.

No der Revolutioun a Russland huet hie verschidde wichteg Aufgaben an der Partei an an der Regierung iwwerholl. 1922 gouf en zum Generalsekretär vun der Partei hirem Zentralkomitee ernannt. Nom Lenin sengem Doud 1924 huet en et fäerdegbruecht, de Pouvoir a sengen Hänn ze konsolidéieren andeems en d'Funktioune vu sengem Posten ausgewäit an all Oppositioun eliminéiert huet. Hien huet dee Poste gehale bis datt en en 1952 ofgeschaaft huet, an den 1941 nei geschaafte Poste vum Premier vun der Sowjetunioun iwwerholl huet.

An d'Stalinperiod fält eng Rei vun de wichtegsten Ereegnesser an der Geschicht vun der Sowjetunioun a vun der ganzer Welt: d'Industrialiséirung vun der Sowjetunioun, d'Kollektivéirung an Entkulakiséirung, Masserepressalien, Vëlkerdeportatiounen a Bildung vu Gulag-Strofaarbechtslager, den Honger an den 1932-1933 Joren an Deeler vum Sowjetterritorium, den Ugrëff vun der Sowjetunioun op Finnland, d'Repressalien an der Rouder Arméi, den Zweete Weltkrich, d'Erriichtung vun der sozialistescher Uerdnung an Osteuropa an Ostasien, de Perséinlechkeetskult, d'sowjetesch Atombomm, den Ufank vum Kale Krich.

Privat huet de Stalin sech 1906 mam Ketewan Swanidse bestuet, déi awer schonn 1907 u Fleckféiwer an EHEC gestuerwen ass. Si haten zesummen ee Jong, de Jakow, den de 16. Juli 1941 an däitsch Krichsgefangeschaft gerode war an de 14. Abrëll 1943 am Konzentratiounslager Sachsenhausen zu Doud koum, nodeem datt de Stalin refuséiert hat, e géint den um 31. Januar 1943 a sowjetesch Gefaangenschaft gerodenen däitsche Generolfeldmarschall Friedrich Paulus auszetauschen ("Et koppelt ee keen Zaldot géint e Generol").

1919 huet en d'Nadejda Allilujewa bestuet, déi sech 1932 wuel selwer erschoss huet. Mat hir hat en de Bouf Wassili (1921–1962), dee spéider Generol gouf, an d'Duechter Swetlana (1926–2011), déi 1967 an d'USA ausgewandert ass an hir Kanner an der Sowjetunioun zréckgelooss huet.

Den 1. Mäerz 1953 gouf de Stalin vun engem Mataarbechter um Buedem vu senger Datscha fonnt. Den Dag drop mueres hunn d'Dokteren, déi an d'Datscha geruff goufen, eng Lämung vun der rietser Säit vum Kierper festgestallt. De 5. Mäerz um 21 Auer 50 ass de Stalin am Alter vu 74 Joer gestuerwen, offiziell als Folleg vun engem Schlag. Verschwéirungstheoretiker gleewen éischter un en onnatierlechen Doud, a beschëllege jee no Theorie entweder de Chruschtschow oder de Beria. Bal all d'Fuerscher si sech awer eens, datt seng Parteikomeroden op d'mannst indirekt zu sengem Doud bäigedroen hunn, andeems se sech express net geflass hu fir d'Dokteren ze ruffen. Dem Stalin säi Kierper gouf abalsaméiert a vun 1953-1961 am Lenin-Mausoleum ënnerbruecht, bis datt den XXII. Kongress vun der KPdSU am Kader vun der laangwiereger Entstaliniséirung decidéiert huet, en do erauszehuelen an un der Kremlmauer ze begruewen, wou en och nach haut läit.

Other Languages
Afrikaans: Josef Stalin
Alemannisch: Josef Stalin
Ænglisc: Iosep Stalin
العربية: جوزيف ستالين
aragonés: Josef Stalin
asturianu: Yósif Stalin
Aymar aru: Iosif Stalin
azərbaycanca: İosif Stalin
تۆرکجه: ايستالین
Bân-lâm-gú: Iosif Stalin
беларуская (тарашкевіца)‎: Ёсіф Сталін
Bikol Central: Josep Stalin
Bislama: Joseph Stalin
български: Йосиф Сталин
Boarisch: Josef Stalin
bosanski: Josif Staljin
brezhoneg: Jozef Stalin
Cebuano: Joseph Stalin
Chavacano de Zamboanga: Joseph Stalin
Cymraeg: Joseff Stalin
Deutsch: Josef Stalin
dolnoserbski: Jozef Stalin
Ελληνικά: Ιωσήφ Στάλιν
emiliàn e rumagnòl: Joseph Stalin
English: Joseph Stalin
español: Iósif Stalin
Esperanto: Josif Stalin
estremeñu: Josif Stalin
euskara: Iosif Stalin
Fiji Hindi: Joseph Stalin
føroyskt: Jósef Stalin
français: Joseph Staline
Gàidhlig: Iosif Stalin
galego: Iosif Stalin
贛語: 斯大林
गोंयची कोंकणी / Gõychi Konknni: Joseph Stalin
客家語/Hak-kâ-ngî: Joseph Stalin
հայերեն: Իոսիֆ Ստալին
hornjoserbsce: Józef Stalin
hrvatski: Josif Staljin
Ilokano: Joseph Stalin
Bahasa Indonesia: Josef Stalin
interlingua: Josef Stalin
isiZulu: Joseph Stalin
íslenska: Jósef Stalín
italiano: Iosif Stalin
Basa Jawa: Josef Stalin
Kabɩyɛ: Joseph Staline
kernowek: Joseph Stalin
Kiswahili: Josef Stalin
Kreyòl ayisyen: Stalin
kurdî: Josef Stalin
Кыргызча: Иосиф Сталин
لۊری شومالی: جوزف اٛستالین
latviešu: Josifs Staļins
lietuvių: Josifas Stalinas
Limburgs: Jozef Stalin
Lingua Franca Nova: Josef Stalin
Livvinkarjala: Josif Stalin
la .lojban.: stalin.
lumbaart: Josif Stalin
македонски: Јосиф Сталин
Malagasy: Joseph Stalin
मराठी: स्टॅलिन
მარგალური: იოსებ სტალინი
مازِرونی: ژوزف استالین
Bahasa Melayu: Joseph Stalin
Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄: Joseph Stalin
Mirandés: Josef Staline
မြန်မာဘာသာ: ဂျိုးဇတ် စတာလင်
Nederlands: Jozef Stalin
नेपाली: स्टालिन
नेपाल भाषा: जोसेफ स्टालिन
Napulitano: Stalin
norsk nynorsk: Josef Stalin
oʻzbekcha/ўзбекча: Iosif Stalin
پنجابی: جوزف سٹالن
Papiamentu: Joseph Stalin
Piemontèis: Josif Stalin
Ποντιακά: Ιωσήφ Στάλιν
português: Josef Stalin
Qaraqalpaqsha: Yosif Stalin
Runa Simi: Yosif Stalin
русиньскый: Осиф Сталін
संस्कृतम्: जोसेफ़ स्टालिन
Sesotho: Iosif Stalin
sicilianu: Giuseppi Stalin
Simple English: Joseph Stalin
ślůnski: Josif Stalin
Soomaaliga: Joseph Stalin
српски / srpski: Јосиф Стаљин
srpskohrvatski / српскохрватски: Josif Staljin
svenska: Josef Stalin
Tagalog: Joseph Stalin
татарча/tatarça: Иосиф Сталин
తెలుగు: స్టాలిన్
Türkçe: Josef Stalin
ئۇيغۇرچە / Uyghurche: ستالىن
Vahcuengh: Joseph Stalin
vepsän kel’: Stalin Iosif
Volapük: Iosif Stalin
walon: Staline
文言: 斯大林
Winaray: Joseph Stalin
Yorùbá: Joseph Stalin
粵語: 史太林
žemaitėška: Josips Stalėns