Hypothéik

Icon Hinweis Rechtsthemen.svgDësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Eng Hypothéik ass e eng Form vu Pand oder Sécherheet déi en Immeubel (ausnamsweis och e mobilen Objet, wéi e Schëff oder Fliger) belaaschten. D'Hypothéik gëtt dem Creancier d'Recht, dat belaaschten Haus oder Grondstéck versteeën ze loossen, wann den Debiteur seng Schold net fristgerecht erëmbezuelt. Hypothéike gi meeschtens beim Kaf vun engem Haus oder Grondstéck opgeholl, a Verbindung mat engem Kredit (Hypothéikekredit). Eng Hypothéik ass en Droit réel (Usproch op eng Saach), am Géigesaz zum Droit personnel, deen den Usproch op d'Erëmbezuele vun enger Schold duerstellt.

An engem wäiten, iwwerdroene Sënn ass eng Hypothéik eng Belaaschtung vun der Zukunft. Sou kann ee soen, datt déi nazistesch Vergaangenheet vun Däitschland sech nom Zweete Weltkrich als eng schwéier Hypothéik fir déi jonk Bundesrepublik erausgestallt huet.

Other Languages
العربية: رهن
azərbaycanca: İpoteka
català: Hipoteca
dansk: Pant
Deutsch: Hypothek
eesti: Hüpoteek
English: Mortgage law
español: Hipoteca
Esperanto: Hipoteko
euskara: Hipoteka
فارسی: رهن
galego: Hipoteca
한국어: 저당권
italiano: Ipoteca
עברית: משכנתה
ქართული: იპოთეკა
Latina: Hypotheca
lietuvių: Hipoteka
magyar: Zálogjog
مصرى: رهن
日本語: 譲渡抵当
norsk: Hypotek
polski: Hipoteka
português: Hipoteca
română: Ipotecă
русский: Ипотека
Simple English: Mortgage
slovenščina: Hipoteka
српски / srpski: Хипотека
suomi: Kiinnitys
svenska: Hypotek
தமிழ்: அடமானம்
татарча/tatarça: Ипотека
Türkçe: Rehin (ekonomi)
українська: Іпотека
اردو: رہن
粵語: 借錢
中文: 抵押