Hans Arp

Hans Arp
Hans Arp.JPG
Gebuer 16. September 1886
Stroossbuerg
Gestuerwen 7. Juni 1966
Basel
Nationalitéit Frankräich, Däitschland
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Dichter, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Hans oder Jean Arp, gebuer de 16. September 1886 zu Stroossbuerg als Hans Peter Wilhelm Arp, a gestuerwen de 7. Juni 1966 zu Basel, war en däitsch-franséische Moler, Graphiker, Sculpteur a Lyriker.

Hie gëlt an den Arts plastiques an an der Literatur als ee vun de beditendste Representante vum Dadaismus a vum Surrealismus. Hie war Member vun der Grupp Abstraction-Création.

1915 huet hien eng éischte Kéier seng abstrakt Wierker zu Zürich ausgestallt. 1916 huet hie mam Hugo Ball, der Emmy Hennings, dem Marcel Janco an dem Richard Huelsenbeck den Dadaismus gegrënnt. 1919 ass hien op Köln geplënnert wou en de Max Ernst an de Johannes Theodor Baargeld kennegeléiert huet a mat hinnen den Kölner Dadaismus an d'Liewe geruff an déi marxistesch Zäitschrëft Der Ventilator erausginn huet. 1920 war den Arp op der Éischter Internationaler Dada-Messe zu Berlin mat derbei an huet Die Wolkenpumpe erausginn.

1922 huet hie sech mat der Sophie Taeuber bestuet. Si hunn eenzel an zesummen vill Wierker geschafen. 1923 huet hie bei enger Kollektivausstellung vun de Surrealiste matgemaach a vun 1925 un do en Atelier ageriicht. 1926 sinn d'Arpen op Stroossbuerg geplënnert. 1940 hunn d' Nationalsozialisten seng Wierker zue entartete Kunst ofgestempelt. Den Arp a seng Fra goungen op Grasse, an 1942 an d'Schwäiz, wou d'Sophie Taeuber-Arp 1943 gestuerwen ass. De Jean Arp huet dono mam Georg Schmidt eng Monografie iwwer hiert Wierk erausbruecht. Zanter 1949 hat hien ëmmer méi Succès mat senge plastesche Wierker an den USA.

Hien huet fir d' Harvard University, d' Universidad Central de Venezuela an de Sëtz vun der UNESCO zu Paräis Monumumentalplastike geschaaft. 1954 krut en op der Biennale vu Venedeg den Internationale Präis fir Skulptur. 1958 huet de Museum of Modern Art zu New York eng grouss Retrospektiv iwwer hien organiséiert. Hien hue top der documenta 1 1955, der documenta II 1959 an der documenta III 1964 zu Kassel matgemaach.

1959 huet hie sech mat der Marguerite Hagenbach bestuet.

Galerie

Other Languages
Alemannisch: Hans Arp
العربية: جان آرب
беларуская: Ханс Арп
български: Жан Арп
bosanski: Jean Arp
brezhoneg: Jean Arp
català: Jean Arp
čeština: Hans Arp
Deutsch: Hans Arp
eesti: Hans Arp
Ελληνικά: Ζαν Αρπ
English: Jean Arp
español: Jean Arp
Esperanto: Jean Arp
فارسی: ژان آرپ
français: Jean Arp
galego: Hans Arp
한국어: 장 아르프
hrvatski: Jean Arp
Bahasa Indonesia: Jean Arp
italiano: Hans Arp
עברית: ז'אן ארפ
latviešu: Hanss Arps
lietuvių: Hans Arp
magyar: Hans Arp
Nederlands: Jean Arp
norsk: Jean Arp
norsk nynorsk: Jean Arp
polski: Hans Arp
português: Hans Arp
română: Hans (Jean) Arp
русский: Арп, Жан
slovenčina: Hans Arp
српски / srpski: Hans Arp
srpskohrvatski / српскохрватски: Jean Arp
suomi: Hans Arp
svenska: Jean Arp
тоҷикӣ: Жан Арп
Türkçe: Jean Arp
українська: Ганс Арп