George Gershwin

Den George Gershwin (1937).

Den George Gershwin, gebuer de 26. September 1898 zu Brooklyn, New York, a gestuerwen den 11. Juli 1937 zu Hollywood, mam richtegen Numm Jacob Gershowitz, war en -US-amerikanesche Komponist, dee bekannt ass fir seng Stécker op der Grenz tëscht klassescher Musek an Jazz.

Hien huet d'Musek vun enger sëlleche Musicale geschriwwen, wéi Lady, Be Good!, Oh, Kay!, Funny Face (méi spéit verfilmt ginn mam Fred Astaire an der Audrey Hepburn an den Haaptrollen), Show Girl, Strike up the Band, Crazy for You an Of Thee I Sing.

Seng Songbooks goufe vu verschiddene Sängerinnen a Sänger opgeholl, déi bekanntst däerft déi Versioun vun der Ella Fitzgerald sinn.

Hien huet och méi "serieux" Saache komponéiert. Ënner de méi bekannte Stécker ass d'Rhapsody in Blue (1924), mat däitlechen Jazz-Elementer dran, de Concerto in F (e Pianoconcert) an An American in Paris.

Säi bekanntst Stéck däerft awer d'Oper Porgy and Bess (1935) sinn, déi éischt, an där all d'Haaptrolle vu schwaarze Gesangsinterprete gepillt ginn. Si gouf allerdéngs net sou dacks opgefouert.

De Gershwin ass mat just 38 Joer un engem Hirekriibs gestuerwen.

Wierker (Auswiel)

  • Rhapsody in Blue (1924)
  • Concerto in F (1925)
  • Preludes (1926)
  • An American in Paris (1928)
  • Of Thee I Sing (1931)
  • Second Rhapsody (1931)
  • Cuban Overture (1932)
  • Porgy and Bess (1935) mat bekannten Arië wéi Summertime, It ain't necessarily so an I love you Porgy
Other Languages
العربية: جورج غيرشوين
aragonés: George Gershwin
asturianu: George Gershwin
azərbaycanca: Corc Gerşvin
беларуская: Джордж Гершвін
беларуская (тарашкевіца)‎: Джордж Гершвін
български: Джордж Гершуин
brezhoneg: George Gershwin
čeština: George Gershwin
español: George Gershwin
Esperanto: George Gershwin
français: George Gershwin
한국어: 조지 거슈윈
հայերեն: Ջորջ Գերշվին
hrvatski: George Gershwin
Bahasa Indonesia: George Gershwin
italiano: George Gershwin
Basa Jawa: George Gershwin
Kiswahili: George Gershwin
lietuvių: George Gershwin
македонски: Џорџ Гершвин
Malagasy: George Gershwin
Nederlands: George Gershwin
norsk nynorsk: George Gershwin
português: George Gershwin
română: George Gershwin
sicilianu: George Gershwin
Simple English: George Gershwin
slovenčina: George Gershwin
slovenščina: George Gershwin
српски / srpski: Џорџ Гершвин
srpskohrvatski / српскохрватски: George Gershwin
Türkçe: George Gershwin
українська: Джордж Гершвін
Tiếng Việt: George Gershwin