Gangsta-Rap

Gangsta-Rap ass e Museksgenre, dee sech aus dem Hardcore Hip-Hop entwéckelt huet an ëm och staark änelt, mä bei deem de Rapper aus der Perspektiv vun engem Gangster (an Amerika dacks: "thug" oder "gangsta") rapt. En ass an den 1980er an 1990er un der US-amerikanescher Westküst an den urbane Quartieren a Kalifornien entstanenen, an deene Stroossebanden ("gangs") vill aktiv waren. Pionéier vum Genre sinn ënner anerem de Schoolly D, den Ice-T an d'Grupp N.W.A, déi e groussen Afloss op de Rap haten an iwwer dem Alldag am Liewe vun engem Bandemember gerapt hunn.

De Genre ass kontrovers a gëtt vu ville Commentateure kritiséiert. De Gangsta-Rapper gëtt virgeworf, si géifen d'Kriminalitéit, Mord, Gewalt, Vulgärsprooch, Homophobie, Rassismus, Promiskuitéit, Fraefeindlechkeet, Vandalismus, Drogemëssbrauch, Materialismus, Beamtebeleidigung an nach vill aner Saache promouvéieren. Verschidden afroamerikanesch Rapper hunn dorop geäntwert, datt hir Musek onfair behandelt gëtt well se gläichzäiteg Theme behandelt, déi net an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn.[1] D'Texter géifen d'Realitéit an aarme Quartiere reflektéieren an Tabue briechen; sou geet et am Titel Fuck tha Police vun N.W.A ëm Policebrutalitéit a Racial Profiling.

Stilistesch setzt Gangsta-Rap op aggressiv Texter an haart Beater.[2]

Other Languages
Alemannisch: Gangster Rap
العربية: غانغستا راب
български: Гангста рап
català: Gangsta rap
čeština: Gangsta rap
Deutsch: Gangsta-Rap
English: Gangsta rap
español: Gangsta rap
Esperanto: Krimulrepo
فارسی: گنگستا رپ
français: Gangsta rap
한국어: 갱스터 랩
italiano: Gangsta rap
latviešu: Gangsta reps
Nederlands: Gangstarap
polski: Gangsta rap
português: Gangsta rap
русский: Гангста-рэп
Simple English: Gangsta rap
slovenčina: Gangsta rap
svenska: Gangstarap
Türkçe: Gangsta rap
українська: Гангста-реп