Friedrich Engels

De Friederich Engels mat 20 Joer

De Friedrich Engels, gebuer den 28. November 1820 zu Wuppertal-Barmen, a gestuerwen de 5. August 1895 zu London, war en däitsche Sozialpolitiker a Philosoph.

Als Jong vun engem gutt situéierten Industrielle krut de Friedrich Engels eng Ausbildung als Geschäftsmann. Duerno huet hien nieft sengem Militärdéngscht (1841-42) zu Berlin Philosophie studéiert. Hien huet Kontakt mat de sougenannte Lénkshegelianer opgeholl. Ënner dem Pseudonym F. Oswald huet hie kritesch Texter iwwer Literatur, Relioun a Philosophie geschriwwen.

Während senger Beruffsausbildung a sengem Papp senge Betriber zu Manchester (1842-44) huet hien d'Liewens- an d'Aarbechtskonditioune vun den Textilaarbechter gesinn.

De Friedrich Engels krut souwuel duerch dem Georg W. F. Hegel seng Usiichten, wéi och duerch dem Ludwig Feuerbach säin Das Wesen des Christentums eng materialistesch Astellung. Als iwwerzeegte Sozialist huet hie mat senge Wierker Umrisse zu einer Kritik der Nationalökonomie an Die Lage der arbeitenden Klasse in England ( 1845) déi éischt Analys vun der kapitalistescher Wirtschafts- a Gesellschaftsuerdnung verfaasst.

De Friedrich Engels an de Karl Marx

Schonn 1842 hat de Friedrich Engels de Karl Marx kennegeléiert an ass him e ganzt Liewe frëndschaftlech verbonne bliwwen. 1845/46 hu si zesummen " Die deutsche Ideologie" verfaasst, eng zäitgenëssesch Analys vun der deemoleger däitscher Philosophie.

1847 si si dem Bond vun de Gerechte bäigetrueden, dee si an de Bond vun de Kommunisten ëmgewandelt hunn. Si hunn 1847-48 an der Erwaardung vun de sozialistischen Ëmwälzungen hiert Wierk " Kommunistisches Manifest" geschriwwen.

Während der Mäerzrevolutioun vun 1848 sinn de Friedrich Engels an de Karl Marx an Däitschland hanneschtgaangen a si hunn zu Köln d'Neue Rheinische Zeitung gegrënnt.

1849 huet den Engels sech un den Opstänn a Baden an an der Pfalz bedeelegt. Nom Enn vun dësem Revolutiounsversuch ass den Engels nees zréck an England gaangen.

Other Languages
aragonés: Friedrich Engels
asturianu: Friedrich Engels
azərbaycanca: Fridrix Engels
Bân-lâm-gú: Friedrich Engels
башҡортса: Фридрих Энгельс
беларуская: Фрыдрых Энгельс
беларуская (тарашкевіца)‎: Фрыдрых Энгельс
български: Фридрих Енгелс
brezhoneg: Friedrich Engels
čeština: Friedrich Engels
Esperanto: Friedrich Engels
français: Friedrich Engels
Gàidhlig: Friedrich Engels
客家語/Hak-kâ-ngî: Friedrich Engels
hornjoserbsce: Friedrich Engels
Bahasa Indonesia: Friedrich Engels
íslenska: Friedrich Engels
Basa Jawa: Friedrich Engels
lietuvių: Friedrich Engels
македонски: Фридрих Енгелс
მარგალური: ფრიდრიხ ენგელსი
Bahasa Melayu: Friedrich Engels
Nederlands: Friedrich Engels
norsk nynorsk: Friedrich Engels
oʻzbekcha/ўзбекча: Engels Fridrix
Piemontèis: Friedrich Engels
português: Friedrich Engels
rumantsch: Friedrich Engels
Runa Simi: Friedrich Engels
sicilianu: Friedrich Engels
Simple English: Friedrich Engels
slovenčina: Friedrich Engels
slovenščina: Friedrich Engels
српски / srpski: Фридрих Енгелс
srpskohrvatski / српскохрватски: Friedrich Engels
татарча/tatarça: Фридрих Энгельс
українська: Фрідріх Енгельс
Tiếng Việt: Friedrich Engels
粵語: 恩格斯