Franséisch Iwwerséigebidder

Gnome-globe.svgDëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi franséisch Iwwerséigebidder sinn déi Territoire bausse vun Europa, déi vu Frankräich an der enger oder anerer Form regéiert oder verwalt ginn; am Wiesentlechen handelt et sech ëm fréier franséisch Kolonien. Am Ganze liewen do ongeféier 2,5 Millioune Mënschen. Nëmmen déi frannséisch Süd- an Antarktikterritoiren a Franséisch-Polynesien hunn offiziell eege Fändelen, deen anere Gebidder hir Fändelen hu keen offiziellen Charakter.

Op Franséisch ginn d'Iwwerséigebidder formell als la France d'outre-mer bezeechent. Bis zur Verfassungsreform vum 23. Mäerz 2003 war déi offiziell Bezeechnung les DOM-TOM (Département d'outre-mer - Territoire d'outre-mer), eng Kennzeechnung, déi haut an der Ëmgangssprooch nach gebraucht gëtt.Déi franséisch Iwwerséigebidder ginn a folgend Kategorien agedeelt:

Other Languages
Bahasa Melayu: Perancis Seberang Laut
Simple English: Overseas France
srpskohrvatski / српскохрватски: Francuski prekomorski departmani i teritorije