Frank Gehry

De Frank Gehry (2007).

De Frank Owen Gehry, gebuer den 28. Februar 1929 zu Toronto, Ontario als Ephraim Goldberg, ass e kanadesch- US-amerikaneschen Architekt an Designer, deen zanter 1947 a Kalifornien lieft. HIen ass bekannt fir seng Entwërf am Stil vun der dekonstruktivistescher Architektur an zielt zu deene bekanntsten amerikaneschen Architekten.

De Gehry ass de Jong vun den Nokomme vu jiddeschen Emigranten aus Polen. Schonn als Kand huet hie mat Material aus sengem Bop senger Quincaillerie Stied an Haiser zesummegebastelt, Hien huet op der USC zu Los Angeles bis 1954 Architektur studiéiert. Duerno huet en op der Harvard Graduate School of Design en Zweetstudium an Urbanismus gemaach. Zanter 1962 huet de Gehry säin eegenen Architektebüro zu Los Angeles ënner dem Numm Gehry Partners, LLP.

Um Ufank vu senger Carrière huet de Gehry nach konventionell gebaut. Eréischt géint der Enn vun den 1970er Joren huet e seng architektonesch Formesprooch verännert, andeems e méi "schappech" Materialie wéi Wellblech odeer Sperrholz mat verschafft huet (beim Miwweldesign alt emol Wellkartong). Charakteristesch fir säi Baustil sinn zanterhier eng gebrache Geometrie, Linnen, däi ausernee lafen, Formen, déi op d'Kopp gestallt goufen, an, wat typesch ass fir den dekonstruktivistesche Stil, de Fait, datt Deeler vun de Gebaier wéi bei engem Collage zesummegeprafft goufen.

1989 krut hien de Pritzker-Präis.

Gebaier vun him

Gehry-Tower zu Hannover
Neuer Zollhof am Düsseldorfer Medienhafen
Stata Center, Cambridge, Massachusetts, USA

Zu senge bekanntste Gebaier zielen

  • de California Aerospace Museum zu Santa Monica, Kalifornien (1982–1984)
  • de Vitra Design Museum zu Weil am Rhein (1989)
  • de Vitra Center zu Birsfelden bei Basel
  • den American Center zu Paräis (1991–1994) (haut Cinémathèque française)
  • de Weisman Art Museum vun der University of Minnesota
  • e Bushaische bei BUSSTOPS zu Hannover (1994)
  • den Zentrum für Kommunikation und Technologie zu Bad Oeynhausen (1991–1995)
  • den Energie – Forum – Innovation in Bad Oeynhausen (1992–1995)
  • d' Haus dat danzt (Tančící dům) zu Prag (1996), mam Vlado Milunić
  • de Guggenheim-Musée zu Bilbao (1991–1997)
  • den Neuer Zollhof am Düsseldorfer Medienhafen (1997–1999)
  • den Experience Music Project zu Seattle (1999–2000)
  • de Gehry-Tower zu Hannover (2000–2001)
  • d'Gebai vun der DZ Bank zu Berlin (2001)
  • d' Walt Disney Concert Hall zu Los Angeles (1999–2003)
  • de MARTa Herford Musée zu Herford (2001–2005)
  • den Hotel Marques de Riscal, zu Elciego (Spuenien) (2003–2006)
  • d'Vergréisserung vun der Art Gallery of Ontario (AGO) zu Toronto (2004–2008)
  • d'Haaptgebai vum Novartis Campus zu Basel (2009)
  • de Wollekekrazert 8 Spruce Street zu New York (2006–2011)
  • de Lou Ruvo Center zu Las Vegas (2007–2010)
  • den New World Center zu Miami Beach (2008-2011)
  • d' Gare Barcelona-Sagrera zu Barcelona (2008-2013)
Other Languages
Afrikaans: Frank Gehry
العربية: فرانك جيري
asturianu: Frank Gehry
Bân-lâm-gú: Frank Gehry
български: Франк Гери
bosanski: Frank Gehry
català: Frank Gehry
čeština: Frank Gehry
Cymraeg: Frank Gehry
Deutsch: Frank Gehry
ދިވެހިބަސް: ފްރެންކް ގެހްރީ
Ελληνικά: Φρανκ Γκέρι
English: Frank Gehry
español: Frank Gehry
euskara: Frank Gehry
فارسی: فرانک گری
français: Frank Gehry
Gaeilge: Frank Gehry
galego: Frank Gehry
한국어: 프랭크 게리
Հայերեն: Ֆրենկ Գերի
hrvatski: Frank Gehry
Bahasa Indonesia: Frank Gehry
íslenska: Frank Gehry
italiano: Frank Gehry
עברית: פרנק גרי
ქართული: ფრენკ გერი
latviešu: Frenks Gērijs
magyar: Frank Gehry
Malagasy: Frank Gehry
مازِرونی: فرانک اگری
Nederlands: Frank Gehry
polski: Frank Gehry
português: Frank Gehry
română: Frank Gehry
русский: Фрэнк Гери
Simple English: Frank Gehry
slovenčina: Frank Gehry
српски / srpski: Френк Гери
srpskohrvatski / српскохрватски: Frank Gehry
svenska: Frank Gehry
Türkçe: Frank Gehry
українська: Френк Гері
Tiếng Việt: Frank Gehry
Winaray: Frank Gehry