Francis Ford Coppola

Francis Ford Coppola
Francis Ford Coppola 2011 CC.jpg
Gebuer 7. Abrëll 1939
Detroit
Nationalitéit USA
Educatioun University of California, Los Angeles
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Schrëftsteller, Filmediteur
Partei Demokratesch Partei
Famill
Geschwëster August Coppola
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Francis Ford Coppola, gebuer de 7. Abrëll 1939 zu Detroit, ass en US-amerikanesche Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur.

Hien ass virun allem bekannt fir seng Godfather-Trilogie a fir de Vietnam-Epos Apocalypsse Now (1979). Hie krut bis ewell am Ganze 5 Oscaren: fir dat bescht Dréibuch vu Patton, déi bescht Dréibuch-Adaptatioun vun The Godfather an The Godfather II, a fir dee leschtgenannten och nach dee fir déi bescht Regie an déi bescht Produktioun; an hien huet 2 Gëlle Palmen zu Cannes gewonnen (1974 fir The Conversation an 1979 fir Apocalypse Now).

Do dernieft huet hien awer och méi kommerziell Filmer gemaach, ë. a., well e Sue gebraucht huet fir säi Studio, de American Zoetrope ze finanzéieren, deen nom Flop vu sengem Film One from the Heart an d'Labrente gerode war.

De Coppola ass ausserdeem Wënzer, Editeur an Hotelier.

Hien ass de Papp vun de Regisseure Sofia a Roman Coppola, de Brudder vun der Schauspillerin Talia Shire, an de Monni vun de Schausppiller Nicolas Cage a Jason Schwartzman.

Other Languages
azərbaycanca: Frensis Ford Koppola
Bahasa Indonesia: Francis Ford Coppola
Simple English: Francis Ford Coppola
srpskohrvatski / српскохрватски: Francis Ford Coppola
Tiếng Việt: Francis Ford Coppola