Fräiheetsgrad

Stub W.svgDësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mat Fräiheetsgrad gëtt d'Zuel vun de fräi wielbaren, vuneneen onofhängege Bewegungsméiglechkeete vun engem System bezeechent. En onbeweegleche Kierper am Raum huet deemno de Fräiheetsgrad , well et kann een de Kierper an dräi vuneneen onofhängege Richtunge bewegen an an dräi vuneneen onofhängege Plangen dréien. An dëser Bedeitung als Ganzzuel vun den onofhängege Bewegungsméiglechkeeten kënnt de Begrëff Fräiheetsgrad nëmmen am Singular vir.[1] Déi eenzel Bewegungsméiglechkeete ginn dann och Fräiheete genannt.An der Literatur an am allgemenge Sproochgebrauch gëtt awer och jiddwereng vun den onofhängege Bewegungsméiglechkeete vun engem System als e Fräiheetsgrad bezeechent.[2] En onbeweegleche Kierper ouni Uschloss huet sechs Fräiheetsgraden.

Other Languages