Ferdinand de Saussure

De Ferdinand de Saussure

De Ferdinand de Saussure, gebuer de 26. November 1857 zu Genf a gestuerwen den 22. Februar 1913 zu Vufflens-le-Château, war e Schwäizer Sproochewëssenschaftler. Hie gëllt als de Grënner vum Strukturalismus an der Linguistik, an huet sech och duerch seng Aarbechten iwwer déi Indo-europäesch Sproochen en Numm gemaach.

A sengem Cours de linguistique générale, deen 1916 no sengem Doud vu Schüler vun him erausbruecht gouf, gëtt ë. a. de Grondsteen vun der Semiotik geluecht, an déi grondleeënd Begrëffer vun der moderner Linguistik definéiert (wéi den Ënnerscheed tëscht langage (d'Fäegkeet sech mat (Sprooch-)Zeechen ze verstännegen), langue (Zeechesystemer, wéi Däitsch, Franséisch, asw.) a parole (Kommunikatioun mat Sprooch an engem bestëmmte Kontext); den Ënnerscheed tëscht Synchronie an Diachronie, den Ennerscheed tëscht signifiant a signifié, d'Beliebegkeet vum linguisteschen Zeechen ("Sem"), asw.)

Wierker

    • Ecrits de linguistique générale. éd. par Simon Bouquet; Rudolf Engler; Antoinette Weil.Gallimard, Paris 2002.
  • Cours de linguistique générale.
Other Languages
azərbaycanca: Ferdinand de Sossür
Bân-lâm-gú: Ferdinand de Saussure
Bahasa Indonesia: Ferdinand de Saussure
norsk nynorsk: Ferdinand de Saussure
slovenščina: Ferdinand de Saussure
словѣньскъ / ⰔⰎⰑⰂⰡⰐⰠⰔⰍⰟ: Фєрдинандъ дє Соссѷръ
српски / srpski: Фердинанд де Сосир
srpskohrvatski / српскохрватски: Ferdinand de Saussure
українська: Фердинан де Сосюр
Tiếng Việt: Ferdinand de Saussure
粵語: 索雪