Englesch Revolutioun

Zäitgenëssesch Karikatur zu der Englescher Revolutioun

D'Englesch Revolutioun (och Englesche Biergerkrich oder Éischt Englesch Revolutioun) gouf vu 1642 bis 1649 tëscht den Unhänger vum Kinnek Charles I. an dem Parlament ausgedroen. An hir hu sech net nëmmen d'Spannungen tëscht dem absolutistesche Kinnek an dem Ënnerhaus entlueden, mä och d'Géigesätz tëscht den Anglikaner, Puritaner, Presbyterianer a Katholiken. De Krich ass mat der Hiriichtung vum Kinnek op en Enn gaangen, an der zäitweileger Ofschafung vun der Monarchie - England gouf eng Republik.

Ursaache vun der Revolutioun

Reliéis an dynastesch Entwécklungen

Den Henry VIII. vun England

Ënner dem Kinnek Henry VIII. hat sech England am Joer 1534 duerch d'Grënnung vun der anglikanescher Staatskierch vun der kathoulescher Kierch getrennt. Nodeem d'Kinnigin Maria I. mam Versuch vun enger Rekatholiséierung vum Land keen Erfolleg hat, koum et ënner hirer Nofollegerin Elizabeth I. zu enger Festegung vun der Anglikanescher Kierch. Well sech déi Léier an den Ae vu villen Englänner awer net vill vum Katholizismus ënnerscheet huet, kruten an der zweeter Hallschent vum 16. Joerhonnert déi radikal-calvinistesch Puritaner staarken Zoulaf.

Nom Doud vun der Elizabeth, déi ouni Kanner gestuerwe war, ass d'englesch Kroun un de Kinnek James VI. vu Schottland gaangen. Als James I. huet hien am Joer 1603 déi zwee Länner an enger Personalunioun vereenegt, a sech zanter 1604 Kinnek vu Groussbritannien genannt. Aneschters wéi seng kathoulesch Mamm, d' Maria Stuart, déi 1587 op en Uerder vun der Elizabeth I. higeriicht gi war, war den James en iwwerzeegte Protestant, dee staark vum Calvinismus beaflosst war. Ausserdeem war hien en iwwerzeegten Unhänger vun der Iddi vum divine right, dem gëttleche Recht vun de Kinneken, eleng ze herrschen. Déi Iwwerzeegung huet d'Stuartkinnekshaus vun Ufank un an e Géigesaz mam englesche Regierungssystem bruecht, wat deemools zanter bal 300 Joer eng (wann och begrenzte) Matwierkung vum Parlament un de Staatsgeschäfter kannt huet.

England ënner dem James I.

Den James I. huet sech als Kinnek vun England op déi anglikanesch Staatskierch gestäipt, an där d'Majoritéit vun de Bëscheef och vum Gottesgnadentum vun de Kinneken iwwerzeegt war. Gläichzäiteg huet hien déi puritanesch Léier ofgeleent, déi dem Kinnek d'Recht ofgeschwat hat, seng Sujeten a Gewëssensfroen engem Zwang auszesetzen.

Wéi d'anglikanesch Bëschofskonferenz vu 1604 souwuel de puritanesche wéi och de kathoulesche Glawe verdaamt huet, koum et zu ëmmer méi reliéise Spannungen an England. Am November 1605 hu kathoulesch Adleger ronderëm de Guy Fawkes an der sougenannter Polferverschwörung d'Ermuerdung vum James I. an alle Parlamentarier geplangt. Den Uschlag gouf nëmmen duerch en Zoufall verhënnert. Dëst huet kuerzzäiteg zu engem méi no Kommen tëscht Kinnek a Parlament gefouert. Op laang Siicht hu sech awer d' absolutistesch Tendenze vum James I. als méi follegräich erwisen. Den entscheedende Punkt war awer, datt de Katholizismus vun deem Ament un meeschtens als suspekt duergestallt gouf, an domat politesch ouni Bedeitung gouf.

D'Virstellung vun engem gëttlech legitiméierte Kinnektum, wat also kenger irdescher Muecht an domat och net dem Parlament verflicht wier, huet dem James seng Politik geprägt. Sou huet hien de Kaf vun Titelen erméiglecht, woumat hien eng Schwächung vum nidderen Adel bezwecke wollt. Déi friddlech Haltung vum James I. géintiwwer Spuenien huet säi Ruff weider zerstéiert. Am Parlament huet sech eng Oppositioun géint de Kinnek forméiert, déi virun allem aus Membere vun der Gentry (Landadel) an dem Biergertum bestanen huet, an déi d'parlamentaresch Rechter oprecht erhale wollt. Eng weider Degradatioun vum Ruff vum Kinnek krut den James I. duerch d'massiv Usidlung vun engleschen a schottesche Bierger am ireschen Ulster. Obschonn Irland zanter dem spéiden 12. Joerhonnert schonn an englescher Hand war, an zanter 1542 offiziell der englescher Kroun ënnerstallt war, hat sech de kathoulesche Glawen hei gehalen. En ireschen Opstand aus dem Joer 1602 deen néiergeschloe gouf huet gewisen, datt och an dësem Deel vun der englescher Muechtsphär e grousse Konfliktpotential geherrscht huet.

England ënner dem Charles I.

Den Charles I. vun England

Wéi den James I. 1625 gestuerwen ass, koum säin zweeteelste Jong als Charles I. op den engleschen a schotteschen Troun. Nach am selwechte Joer huet sech den Charles I. mat der Henriette de Bourbon bestuet, wat hie besonnesch bei de Puritaner onbeléift gemaach huet, well et sech bei der Henriette ëm déi kathoulesch Duechter vum franséische Kinnek Henri IV. gehandelt huet. Den Charles I. war nach méi staark wéi säi Papp vun der Existenz vu gëttleche Kinneksrechter iwwerzeegt, an huet eng Versöhnung mat der kathoulescher Kierch ugestriewt. Hien huet sech méi wéi eng Kéier am Kader vu senger Restauratiounspolitik iwwer d'Parlament ewech gesat, andeems hien ouni seng Zoustëmmung Steieren erhuewen huet. Dem Charles I. seng absolutistesch Herrschaftsausübung huet en energesche Widderstand vum Parlament provozéiert, an deem vill Puritaner vertruede waren. D'Wal vum Oliver Cromwell am Joer 1628 an d' Ënnerhaus war en entscheedenden Datum. Dësen huet zu der Gentry gehéiert, a war e fanatesche Puritaner, den zu der radikaler Stréimung vun den Independents gehéiert huet. Am selwechte Joer huet d'Parlament dem Kinnek d' Petition of Right virgeluecht, déi hien ënner finanziellem Drock erlaabt huet. D'Petition of Right huet ënner anerem de Verzicht vum Kinnek op Steiererhiewungen an de Schutz viru willkürleche Verhaftunge gefuedert. Et war virun allem d'Bedeelegung vun England am Drëssegjärege Krich, déi den Haushalt vun der Kroun geschiedegt hat, a sou d'Steierpolitik vum Charles I. noutwenneg gemaach hat.

E Joer méi spéit huet de Charles I. awer d'Opléisung vum Parlament decidéiert, an huet bis 1640 de facto als absolutisteschen Herrscher regéiert, woubäi hie sech op Beroder wéi de Grof vu Strafford an den Äerzbëschof William Laud gestäipt huet. Den Thomas Wentworth, spéideren Earl of Strafford, a fréieren Deputéierte vum House of Commons, gouf 1632 zum Lord Deputy an Irland ernannt, wou hie mat senger haarder an zugläich pro-kathoulescher Politik d'Lag berouege konnt. An dëser Phas vu senger Regentschaft huet den Charles I. seng politesch a reliéis Géigner verfollege gelooss, wouvu virun allem d'Puritaner betraff waren. Den Äerzbëschof Laud huet d'Duerchsetzung vum anglikanesche Glawen am presbyterianesche Schottland ugestriewt, wat d'Resistenz vun de Schotte mat sech gezunn huet.

De Wee zum Biergerkrich

Thomas Wentworth, Grof vu Strafford

D'presbyterianesch Schotten, déi sech am Covenant with God ("Bund mat Gott") gesinn hunn, hunn 1638 en Opstand ugefaangen. De Wentworth gouf 1639 nees an England zréckgeruff, zum Lord vu Strafford ernannt a géint den Opstand agesat. Déi englech Feldzich fir den Opstand néierzeschloë waren ouni Erfolleg, während d'Käschte vun dëse sougenannte "Bëschofskricher" ëmmer méi héich gi sinn. Virun dësem Hannergrond huet sech den Charles I. 1640 gezwonge gesinn, fir d'Bewëllegung vu weidere Finanzmëttel d'Parlament anzeberuffen. Well d'Parlamentarier dem Charles I. seng Herrschaft am Allgemengen a säi militärescht Virgoe géint Schottland besonnesch kritiséiert hunn, huet de Kinnek d'Parlament no e puer Wochen nees opgeléist, wouhir och den Numm " Kuerzt Parlament" komm ass.

Weider englesch Mësserfolleger am Kampf géint déi opstänneg Schotten hunn den Charles I. nach am selwechte Joer dozou gezwongen, d'Parlament eng zweet Kéier anzeberuffen, wat als Ofgrenzung zum "Kuerze Parlament" och als " Laangt Parlament" an d'Geschicht agaangen ass. Et gouf vun de Puritaner ënner der Féierung vum John Pym dominéiert. D'Laangt Parlament huet dem Kinnek 1641 e Katalog vu Plainte virgeluecht, an huet Zougeständnisser erzwongen. Dem kinnekleche Beroder Lord Strafford gouf de Prozess gemaach, an sech Hiriichtung gouf beschloss.

An Irland gouf gefaart, datt et no der Politik vum Strafford, déi hinnen entgéint komm war, zu enger gewaltsamer Anglikaniséierung ging kommen. Doduerch koum et 1641 zu enger oppener Rebellioun, an där eng grouss Zuel vun engleschen a schotteschen Awunner ëm d'Liewe koumen.

An de parlamentaresche Kreesser koum et zu Gerüchter déi besot hunn, datt den Charles I. an dës Virfäll verwéckelt wier. Den Charles I. wollt sech awer un d'Spëtzt vun engem Feldzuch géint déi rebellesch Ire setzen, wat him d'Majoritéit vum Parlament verweigert huet. Als Reaktioun dorop huet seng aus moderéierten Deputéierten eng kinnekstrei Partei forméiert. Am Januar 1642 huet den Charles I. d'Verhaftung vun enger Partie oppositionelle Parlamentarier decidéiert, zu deenen den John Pym, den John Hampden an den Arthur Haselrig gehéiert hunn, mä déi awer fortlafe konnten. Den Charles I. huet doropshi London verlooss, a sech op de Kampf virbereet. D'Parlament huet d'Opstellung vun enger Arméi an d'Weeër geleet, fir de Royalisten ze begéinen. Während den Drëssegjärege Krich um europäesche Festland lues awer sécher op en Enn gaangen ass, ass England an e Biergerkrich gefall.

Other Languages
Bân-lâm-gú: Eng-lân Lōe-chiàn
беларуская (тарашкевіца)‎: Ангельская рэвалюцыя
Bahasa Indonesia: Perang Saudara Inggris
Bahasa Melayu: Perang Saudara England
Plattdüütsch: Ingelsche Börgerkrieg
Simple English: English Civil War
srpskohrvatski / српскохрватски: Engleski građanski rat
татарча/tatarça: Инглиз инкыйлабы
Tiếng Việt: Nội chiến Anh
中文: 英國內戰