Eeërtriwwel

Brout mat Eeërtriwwel

Eeërtriwwel, ass en einfache Plat aus Eeër, déi an enger Pan lues gebak ginn.

Fir d'Zoubereedung gi réi Eeër opgeklappt, gesalzt a bei klenger Hëtzt a Botter oder Planzenueleg gestackt. Dacks ginn d'Eeër nach mat Mëllech, Rahm, a Waasser gemëscht, fir d'Eeërtriwwel méi schmanteg ze maachen. Alternativ kënnen d'Eeër direkt an enger Pan mat zerloossenem Botter geklappt ginn a während dem Bake mat den aneren Ingredienten zesummegemëscht ginn. Jee no Virléift gëtt duerch Réieren, Dréinen oder Schappe mat enger Paneschëpp d'Eeërmass gläichméisseg gebak. Fäerdeg ass d'Eeërtriwwel, wa se gestackt, awer nach fiicht a glënnereg ass.

Soss kënnen nach Speck, Ham, Krevetten, Kéis, Champignonen, Ënnen, oder Bratzelen, och Tomaten an anert Geméis drakommen.

Jee no Rezept kann och Miel mat opgeklappt ginn.[1]

Other Languages
català: Remenat d'ous
dansk: Røræg
Deutsch: Rührei
Esperanto: Kirlovaĵo
français: Œufs brouillés
hrvatski: Kajgana
Bahasa Indonesia: Telur orak-arik
íslenska: Eggjahræra
magyar: Rántotta
Nederlands: Roerei
norsk: Eggerøre
polski: Jajecznica
português: Ovos mexidos
Simple English: Scrambled eggs
srpskohrvatski / српскохрватски: Kajgana
svenska: Äggröra
粵語: 炒蛋
中文: 炒蛋