Duerchmiesser

Déi rout Linn weist den Duerchmiesser un

Den Duerchmiesser (griich. Diameter) ass d'Distanz tëscht de Schnëttpunkte vun engem Krees mat enger riichter Linn, déi den Zentrum schneit. Den Duerchmiesser vun enger Kugel ergëtt sech, wann dës vun enger riichter Linn duerch de Kugelzentrum geschnidde gëtt.D'Hallschent vum Duerchmiesser gëtt Radius genannt. Mam Duerchmiesser ass net de Querschnëtt gemengt. D'Verhältnes Ëmfank () vun engem Krees zum Duerchmiesser ass d'Kreeszuel .

Aus der Formel fir den Ëmfank vun engem Krees:

léisst sech d'Formel fir den Duerchmiesser () vun engem Krees ofleeden:

An der Metallveraarbechtung kann zum Beispiel den Duerchmiesser vun enger Buerung oder vun engem Bolze mat deem gëeegente Moossapparat, wéi Pied à coulisse oder Mikrometerschrauf gemooss ginn. Den Duerchmiesser entsprécht dobäi der gréisste Mooss, déi rechtwénkleg zur Buerungsachs gemooss gëtt.

Bei techneschen Zeechnunge gëtt d'Symbol fir den Duerchmiesser ø nëmmen da gebraucht, wann d'Kreesform net direkt erkennbar ass, z. B. bei Schnëttduerstellungen oder Duerchgankslächer. An der Mathematik bedeit dëst Symbol Duerchschnëtt, an net Duerchmiesser.

Kugelduerchmiesser ginn och bei Sonnen, Planéiten oder Mounden ugewandt, déi eng Kugel duerstellen.

Other Languages
Afrikaans: Deursnee
Alemannisch: Durchmesser
العربية: قطر (هندسة)
asturianu: Diámetru
azərbaycanca: Diametr
বাংলা: ব্যাস
Bân-lâm-gú: Ti̍t-kèng
беларуская: Дыяметр
беларуская (тарашкевіца)‎: Дыямэтар
български: Диаметър
bosanski: Prečnik
català: Diàmetre
Чӑвашла: Диаметр
chiShona: Gurapakati
Cymraeg: Diamedr
dansk: Diameter
Deutsch: Durchmesser
eesti: Diameeter
Ελληνικά: Διάμετρος
English: Diameter
español: Diámetro
Esperanto: Diametro
euskara: Diametro
français: Diamètre
galego: Diámetro
한국어: 지름
հայերեն: Տրամագիծ
hrvatski: Promjer
Bahasa Indonesia: Diameter
íslenska: Þvermál
italiano: Diametro
עברית: קוטר
Basa Jawa: Dhiamèter
ქართული: დიამეტრი
қазақша: Диаметр
Kiswahili: Kipenyo
Latina: Diametros
latviešu: Diametrs
lietuvių: Skersmuo
Limburgs: Diameter
македонски: Пречник
മലയാളം: വ്യാസം
Bahasa Melayu: Diameter
မြန်မာဘာသာ: အချင်း
Nederlands: Diameter
日本語:
Nordfriisk: Trochmeeder
norsk: Diameter
norsk nynorsk: Diameter
occitan: Diamètre
oʻzbekcha/ўзбекча: Diametr
ភាសាខ្មែរ: អង្កត់ផ្ចិត
Plattdüütsch: Dörmeter
polski: Średnica
português: Diâmetro
română: Diametru
Runa Simi: Raqta
русский: Диаметр
Scots: Diameter
Simple English: Diameter
slovenčina: Priemer (geometria)
slovenščina: Premer
ślůnski: Szyrzka
Soomaaliga: Dhexroor
српски / srpski: Пречник
srpskohrvatski / српскохрватски: Promjer
suomi: Halkaisija
svenska: Diameter
Tagalog: Diyametro
தமிழ்: விட்டம்
татарча/tatarça: Диаметр
тоҷикӣ: Диаметр
Türkçe: Çap
українська: Діаметр
Tiếng Việt: Đường kính
Winaray: Diametro
ייִדיש: דיאמעטער
粵語: 直徑
中文: 直径