Demenz

Erste hilfe.svgDësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Eng Demenz (lat. Dementia "ouni Geescht") ass en Defizit vu kognitiven, emotionalen a soziale Kompetenzen, déi zu enger Beanträchtegung vu sozialen an beruffleche Funktiounen féiert. Als Haaptsyptom gëllt awer de Verloscht vum Verhalt. Am Ufank vun der Kränkt sti Stéierunge vum Kuerzzäit-Verhalt an dem Verhalt allgemeng, am weidere Verlaf verschwannen dann och ageprägt Inhalter vum Laangzäitveralt, sou datt betraffe Patienten no an no geléiert Fäegkeete verléieren.

Meeschtens féiert Demenz zu enger Beanträchtegung am soziale wéi och am beruffleche Liewen, a féiert dacks dozou datt eng Erkrankung vum Gehir diagnostizéiert gëtt. Betraff si virun allem de Kuerzzäitverhalt, duerno awer och d'Denkverméigen, d'Sprooch an d'Motorik, bei verschiddene Forme souguer d'Perséinlechkeetsstruktur. Et fält op, datt déi geléiert Fäegkeete verluer ginn, déi ugebuere Reflexer (wéi de Suckelreflex beim Puppelchen) bleiwen awer bestoen. Haut si verschidden Ursaache fir d'Demenz gekläert; verschidde Formen dovu kënnen am Ufanksstadium behandelt ginn, d. h. d'Symptomer kënnen an d'Längt gezu ginn. Déi heefegst Form vun Demenz ass Alzheimer. Demenz kann op verschidden Ursaachen zréckgoen, bei enger eventueller Therapie sinn déi Ënnerscheeder wichteg.

Heefegkeet

No enger Etüd déi 1996 zu Berlin gemaach gouf, geet d'Zuel vun de Mënsche mat Demenz parallel mam Alter vun de Patienten erop:

Alterstranche Zuel vun Demenzkranken
65 bis 69 Joer 1,2 %
70 bis 74 Joer 2,8 %
75 bis 79 Joer 6,0 %
80 bis 84 Joer 13,3 %
85 bis 89 Joer 23,9 %
iwwer 90 Joer 34,6 %

Et ass dovun auszegoen datt bei der Hallschent vu Senioren (méi al wei 65) d'Demenz net diagnostizéiert gouf.

Other Languages
Alemannisch: Demenz
العربية: خرف
Avañe'ẽ: Tarova
azərbaycanca: Demensiya
беларуская: Дэменцыя
беларуская (тарашкевіца)‎: Дэмэнцыя
български: Деменция
bosanski: Demencija
català: Demència
čeština: Demence
Cymraeg: Gorddryswch
dansk: Demens
Deutsch: Demenz
eesti: Dementsus
Ελληνικά: Άνοια
English: Dementia
español: Demencia
Esperanto: Demenco
euskara: Dementzia
فارسی: زوال عقل
français: Démence
Frysk: Demintens
Gaeilge: Néaltrú
galego: Demencia
ગુજરાતી: ડિમેન્શિયા
한국어: 치매
Հայերեն: Մարազմ
hrvatski: Demencija
Bahasa Indonesia: Demensia
italiano: Demenza
עברית: שיטיון
қазақша: Алжу
Kiswahili: Dimenshia
kurdî: Demenza
Latina: Dementia
latviešu: Plānprātība
lietuvių: Silpnaprotystė
Limburgs: Verkiensje
magyar: Demencia
македонски: Деменција
മലയാളം: മേധാക്ഷയം
Malti: Demenzja
Bahasa Melayu: Demensia
Nederlands: Dementie
日本語: 認知症
norsk: Demens
پښتو: عقل زوال
polski: Otępienie
português: Demência
русский: Деменция
Scots: Dementia
shqip: Demenca
sicilianu: Demenza
Simple English: Dementia
slovenčina: Demencia
slovenščina: Demenca
Soomaaliga: Xusuusla'aanta
српски / srpski: Деменција
srpskohrvatski / српскохрватски: Demencija
Basa Sunda: Déménsia
suomi: Dementia
svenska: Demens
Tagalog: Demensiya
தமிழ்: மறதிநோய்
Türkçe: Demans
українська: Деменція
اردو: زوال عقل
Vahcuengh: Binghfatmwnh
Tiếng Việt: Suy giảm trí nhớ
粵語: 痴呆
Zazaki: Demans
中文: 失智症