Chile
English: Chile


República de Chile

Fändel vum Chile

Wope vum Chile

Detailer

Detailer
National Devise: Por la Razón o la Fuerza
(sp. fir: "Duerch Verstënnegsinn oder Kraaft")
Chile in its region.svg
Offiziell Sprooch:Spuenesch
Haaptstad:Santiago de Chile
 • Awunner:5 428 590 (2002)
 • Koordinaten:33° 26′ 16′′ S 70° 39′ 01′′ W
Staatsform:
 • President:Michelle Bachelet
Fläch:756 096 km² (37.)
 • Dovu Waasser:1,07% %
Bevëlkerung:16 134 219 (2006, geschat) (60.)
 • Bevëlkerungsdicht:21,31/km²
Onofhängegkeet:vu Spuenien
12. Februar 1825 unerkannt
Nationalfeierdag:18. September
Nationalhymn:Puro, Chile
Wärung:Peso chileno
Zäitzon:UTC -4, -3
Internet TLD:.cl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+56

D'Republik Chile (República de Chile) ass en onofhängege Staat am Südweste vu Südamerika. D'Haaptstad ass Santiago de Chile.

D'Land grenzt am Norden un de Peru, am Westen un de Pazifik, am Süden un de Paso Drake, am Nordosten u Bolivien an am Osten un Argentinien. Zum Chile gehéieren nach verschidden Inselen am Pazifik, wéi den Archipel Juan Fernández an d'Ouschterinsel (Isla de Pascua), déi geographesch a Polinesien läit.

De Chile huet eng Fläch vu 756.950 km². Dozou kënnt nach eng Zon an der Antarktis vun 1.250.000 km², den Antarktesche Chileeneschen Territoire (Territorio Chileno Antártico).

Chile konsidéierert sech als en Dräikontinentalland.

Geschicht

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vum Chile

Scho virun 15.000 Joer hunn déi éischt Mënschen am haitege Chile gewunnt. Bis datt d'Spuenier d'Land eruerwert haten huet et zum Inkaräich gehéiert.

1520 huet de Portugis Ferdinand Magellan d'Magallanstrooss, déi op der Südspëtz vum Chile läit, entdeckt.

1535 koumen déi éischt Europäer an de Chile fir no Gold ze sichen. Déi éischt gegrënnt Siidlung war Santiago am Joer 1541. Zanter 1542 huet de Chile dunn zum spuenesche Vizekinnekräich Peru gehéiert.

Südlech vum Río Bío Bío hunn allerdéngs d'Mapuchen, en indigene Vollekstamm, sech géint déi spuenesch Eruewerung gewiert. Am Ufank hate si Erfolleg an hunn nach nom Friddenskontrakt mat Spuenien vu 1647 vill Stied vun de Spuenier zerstéiert.

Am 16. Joerhonnert hunn och vill Äerdbiewen, Vulkanausbréch an Tsunamien d'Entwécklung vum Land staark behënnert. Ausserdeem waren d'Küstestied och permanent dem Ugrëff vu Piraten ausgesat.

1609 gouf d'Generalkapitanat Chile gegrënnt, war awer ofhängeg vum Vizekinnekräich Peru. 1778 gouf de Chile dunn en eegestännegt Generalkapitanat mat Handelsfräiheet bannent dem spuenesche Kinnekräich.

Wéi dem Napoléon säi Brudder Joseph a Spuenien 1808 regéiert huet, gouf den Drang no Onofhännegkeet ëmmer méi grouss.

Den 18. September 1810 gouf eng Junta an d'Liewe geruff, duerch déi de Chile eng autonom Provënz am spuenesche Kinnekräich ginn ass. Dësen Datum gëtt am Chile als den Ufank vun der Onofhängegkeet gefeiert. E besse méi spéit erkläert de Chile seng total Eegestännegkeet.

1814, nom spueneschen Onofhängefkeetskrich, huet Spuenien erëm d'Muecht am Chile iwwerholl.

No sëlleche Schluechten, huet de Chile de 17. September 1865 Spuenien de Krich erkläert. Dat war de Spuenesch-Südamerikanesche Krich.

De 5. Dezember 1865 huet de Peru sech mam Chile géint déi gemeinsam Feinden zesummegedoen.

Déi spuenesch Herrschaft goung 1866 praktesch zu Enn. De Konflikt mat Spuenien konnt awer eréischt an de Kontrakter vun 1871 an 1883 definitiv geléist ginn.

Geographie

Kuckt dozou och den Haaptartikel: Geographie vum Chile

Topographesch Kaart vum Chile

Physesch Geographie

De Chile läit um südamerikanesche Kontinent an erstreckt sech iwwer eng Längt vu 4.200 Kilometer vun Norden no Süde laanscht de Pazifik op der enger an den Anden op der anerer Säit. D'Breet vum Land huet nëmmen zirka 180 km. Déi schmuelst Plaz huet 90 km, an déi breetst 240 km.

De Chile léisst sech an dräi Regiounen andeelen: am Osten d'Anden, den Iwwergangsberäich mat der Pampa del Tamarugal an der Valle Longitudinal an d'Küsteregioun Cordillera de la Costa.

D'chileenesch Ande bilden eng vun den héchste Biergkette vun der Welt. Eng sëlleche Bierger sinn iwwer 6.000 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass den Ojos del Salado mat 6.880 m. En ass gläichzäiteg den héchste Vulkan op der Welt. Duerch déi besonnesch Struktur vum Land gëtt et keng ganz laang Flëss. De längsten huet 443 km.

Déi grouss a landschaftlech schéinst Séien am Chile erstrecke sech südëstlech vun der Stadt Temuco bis op Puerto Montt. De bekanntste Salzséi ass de Salar de Atacama (3.000 km²).

Klima

De Chile huet vill verschidde Klima- a Vegetatiounszonen. Dat ass wéinst den 39 Breedegrade iwwer déi d'Land sech erstreckt an zwar tëscht de Breedegraden 17° 3' S an 56° 30' S.

D'Land léisst sech klimatesch an dräi Zonen andeelen: Nord-, Mëttel- a Südchile. De gréissten Deel vum Norde läit an der Wüst. Am Mëttelchile ass e Klima wéi um Mëttelmier. Am Süden dogéint fält ganz vill Reen.

Am grousse Ganze gëtt d'Klima staark vum Humboldt-Mieresstroum laanscht d'Küst beaflosst. Dee fléisst vu Süden no Norden an transportéiert kaalt Mierwaasser aus der Antarktis.

Ongeféier all 7 Joer schléit hei och den El-Niño zou a bréngt vill Nidderschléi.

Bevëlkerung

D'Hallschent vun der Bevëlkerung lieft am Groussraum Santiago de Chile, dorënner een Drëttel, also ongeféier 5,5 Milliounen, an der Haaptstad selwer. 100 km westlech vu Santiago läit d'Stad Valparaíso mat zirka 1 Millioun Awunner.

A de Gebidder Richtung Norden a Richtung Süde wunnen ëmmer manner Léit. Dat ass wéinst den ongënschtege Klimabedéngungen.

90 % vun de Chileenen hunn europäesch Virfahren oder si Mestizen, woubäi bei de leschten, 50 % vun de Mapuchen ofstamen.

Relioun

Zanter 1925 ass d'Kierch an de Staat getrennt.

Déi gréisst Relioun ass déi réimesch-kathoulesch Kierch mat 70 % vun de Leit. Déi 920 Pare ginn a 5 Kiercheprovënze mat 26 Bistümer agedeelt.

Ronn 10 % vun de Chileene si protestantesch. De Rescht verdeelt sech op indianesche Schamanismus, Mormonen an aner Minoritéiten.

Sprooch

D'offiziell Sprooch ass Kastellanesch. Aner international Sprooche gi ganz wéineg geschwat.

Déi bekanntst indigen Sprooch ass Mapudungun. Déi Sprooch gëtt haaptsächlech vun de Mapuchen am Süde geschwat. Donieft ass och nach Quechua an Aymara am Nordchile a Rapa Nui op der Ouschterinsel verbreet.

Ekonomie

Politik

Mapa administrativo de Chile.png
Atacama

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Politik am Chile

D'Republik Chile ass eng Presidialrepublik mat verschiddenen autonomen Institutiounen.

D'Konstitutioun gouf 1980 vun der Militärregierung ënner dem Augusto Pinochet ausgeschafft an duerno mat engem Referendum, ënner groussem Drock an ouni demokratesch Critèrë mat 67 % ugeholl.

De President, an zugläich och Regierungschef, gëtt fir eng Period vu 6 Joer gewielt. Dësen ernennt d'Ministeren, d'Subsekretären an Regionalintendanten.

Kuckt och d'Lëscht vun de Presidente vum Chile.

D'Legislative (Congreso Nacional) besteet aus zwou Chamberen: d'Chamber des Députés (Cámara de Diputados) an de Senat (Senado).

Déi héchst richterlech Kraaft am Chile ass den ieweschte Gerichtshaff (Corte Suprema de Justicia). Et ass e Kolleegialgericht mit 21 Richteren.

Kultur

Weltierfschafte vun der UNESCO am Chile

D'UNESCO huet bis elo 3 Plazen am Chile op d'Lëscht vun der Weltkulturierfschaft gesat.

  • 2000: den Nationalpark Chiloé an en Deel vun de Kierchen aus Holz,
  • 2003: den historeschen Deel vun der Hafestad Valparaíso,
  • 2005: d'Humberstone- a Santa-Laura-Salpeterwierker an der Atacama-Wüst am Norde vum Chile.

Zur Weltnaturierfschaft goufen erkläert:

  • 1978 de Nationalpark Torres del Paine,
  • 1995 de Nationalpark Rapa Nui op der Ouschterinsel.

Fauna a Flora

Biosphärereservater am Chile

D'UNESCO erkläert am Ganzen 8 Gebidder am Chile zu Biosphärenreservater.

  • Nationalpark Bosque de Fray Jorge (1977)
  • Juan-Fernández-Inseln (1977)
  • Nationalpark Torres del Paine (1978)
  • Nationalpark Laguna San Rafael (1979)
  • Nationalpark Lauca (1981)
  • Araucarias (1984)
  • Nationalpark La Campana a Lago Peñuelas (Nationales Reservat) (1984)
  • Nationalpark Kap Hoorn (2005)

Infrastruktur

Um Spaweck

Commons: Chile – Biller, Videoen oder Audiodateien
Other Languages
Acèh: Chili
Адыгэбзэ: Чили
адыгабзэ: Чили
Afrikaans: Chili
Akan: Chile
Alemannisch: Chile
አማርኛ: ቺሌ
Ænglisc: Cile
Аҧсшәа: Чили
العربية: تشيلي
aragonés: Chile
ܐܪܡܝܐ: ܬܫܝܠܝ
armãneashti: Cile
arpetan: Ch·ili
অসমীয়া: চিলি
asturianu: Chile
Avañe'ẽ: Chíle
авар: Чили
Aymar aru: Chili
azərbaycanca: Çili
تۆرکجه: شیلی
bamanankan: Chile
বাংলা: চিলি
Banjar: Cili
Bân-lâm-gú: Chile
Basa Banyumasan: Chile
башҡортса: Чили
беларуская: Чылі
беларуская (тарашкевіца)‎: Чылі
भोजपुरी: चिली
Bikol Central: Tsile
Bislama: Chile
български: Чили
Boarisch: Chile
བོད་ཡིག: ཅི་ལི།
bosanski: Čile
brezhoneg: Chile
буряад: Чили
català: Xile
Чӑвашла: Чили
Cebuano: Tśile
čeština: Chile
Chamoru: Chile
Chavacano de Zamboanga: Chile
Chi-Chewa: Chile
chiShona: Chile
chiTumbuka: Chile
corsu: Cile
Cymraeg: Tsile
dansk: Chile
davvisámegiella: Chile
Deitsch: Chile
Deutsch: Chile
ދިވެހިބަސް: ޗިލީ
dolnoserbski: Chilska
डोटेली: चिली
ཇོང་ཁ: ཅི་ལེ
eesti: Tšiili
Ελληνικά: Χιλή
emiliàn e rumagnòl: Cîl
English: Chile
эрзянь: Чили Мастор
español: Chile
Esperanto: Ĉilio
estremeñu: Chili
euskara: Txile
eʋegbe: Chile
فارسی: شیلی
Fiji Hindi: Chile
føroyskt: Kili
français: Chili
Frysk: Sily
Fulfulde: Ciile
furlan: Cile
Gaeilge: An tSile
Gagauz: Çili
Gàidhlig: An t-Sile
galego: Chile
贛語: 智利
Gĩkũyũ: Chile
گیلکی: شيلي
ગુજરાતી: ચીલી
𐌲𐌿𐍄𐌹𐍃𐌺: 𐍄𐍃𐌾𐌹𐌻𐌴𐌹
गोंयची कोंकणी / Gõychi Konknni: चिली
客家語/Hak-kâ-ngî: Chile
한국어: 칠레
Hausa: Chile
Hawaiʻi: Kile
հայերեն: Չիլի
हिन्दी: चिली
hornjoserbsce: Chilska
hrvatski: Čile
Ido: Chili
Igbo: Chile
Ilokano: Chile
বিষ্ণুপ্রিয়া মণিপুরী: চিলি
Bahasa Indonesia: Chili
interlingua: Chile
Interlingue: Chile
ᐃᓄᒃᑎᑐᑦ/inuktitut: ᓯᓕ
Iñupiak: Cili
Ирон: Чили
isiXhosa: IChile
isiZulu: ITshile
íslenska: Síle
italiano: Cile
עברית: צ'ילה
Jawa: Cilé
Kabɩyɛ: Silii
kalaallisut: Chile
ಕನ್ನಡ: ಚಿಲಿ
Kapampangan: Chile
къарачай-малкъар: Чили
ქართული: ჩილე
kaszëbsczi: Chile
қазақша: Чили
kernowek: Chile
Kinyarwanda: Shili
Kirundi: Chili
Kiswahili: Chile
коми: Чили
Kongo: Chile
Kreyòl ayisyen: Chili
kriyòl gwiyannen: Chili
kurdî: Şîle
Кыргызча: Чили
кырык мары: Чили
Ladino: Chile
лакку: Чилй
لۊری شومالی: شیلی
latgaļu: Čile
Latina: Chilia
latviešu: Čīle
лезги: Чили
lietuvių: Čilė
Ligure: Cile
Limburgs: Chili
lingála: Shíle
Lingua Franca Nova: Txile
Livvinkarjala: Čili
la .lojban.: tciles
Luganda: Chile
lumbaart: Cile
magyar: Chile
मैथिली: चिली
македонски: Чиле
Malagasy: Silia
മലയാളം: ചിലി
Malti: Ċili
Māori: Hiri
मराठी: चिली
მარგალური: ჩილე
مصرى: تشيلى
مازِرونی: شیلی
Bahasa Melayu: Chile
Minangkabau: Chili
Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄: Chile
Mirandés: Chile
мокшень: Чиле
монгол: Чили
Nāhuatl: Chile
Dorerin Naoero: Tsire
Na Vosa Vakaviti: Chile
Nederlands: Chili
Nedersaksies: Chili
नेपाली: चिली
नेपाल भाषा: चिली
日本語: チリ
Napulitano: Cile
нохчийн: Чили
Nordfriisk: Chiile
Norfuk / Pitkern: Chili
norsk: Chile
norsk nynorsk: Chile
Nouormand: Chili
Novial: Chile
occitan: Chile
олык марий: Чили
ଓଡ଼ିଆ: ଚିଲି
Oromoo: Chiilii
oʻzbekcha/ўзбекча: Chili
ਪੰਜਾਬੀ: ਚਿਲੀ
पालि: चिले
Pälzisch: Chile
Pangasinan: Chile
پنجابی: چلی
Papiamentu: Chile
پښتو: چیلی
Patois: Chili
Перем Коми: Чили
ភាសាខ្មែរ: ឈីលី
Picard: Kili
Piemontèis: Cile
Tok Pisin: Sili
Plattdüütsch: Chile
polski: Chile
Ποντιακά: Χιλε
português: Chile
Qaraqalpaqsha: Chili
qırımtatarca: Çile
reo tahiti: Tīri
Ripoarisch: Chile
română: Chile
romani čhib: Chile
rumantsch: Chile
Runa Simi: Chili
русиньскый: Чіле
русский: Чили
саха тыла: Чиили
Sakizaya: Chile
Gagana Samoa: Shili
संस्कृतम्: चिलि
Sängö: Shilïi
sardu: Cile
Scots: Chile
Seeltersk: Chile
Sesotho: Chile
Sesotho sa Leboa: Chile
Setswana: Chile
shqip: Kili
sicilianu: Cili
Simple English: Chile
سنڌي: چلي
SiSwati: IShile
slovenčina: Čile
slovenščina: Čile
словѣньскъ / ⰔⰎⰑⰂⰡⰐⰠⰔⰍⰟ: Чилє
ślůnski: Czile
Soomaaliga: Jili
کوردی: چیلی
Sranantongo: Sili
српски / srpski: Чиле
srpskohrvatski / српскохрватски: Čile
Sunda: Cilé
suomi: Chile
svenska: Chile
Tagalog: Chile
தமிழ்: சிலி
Taqbaylit: Cili
tarandíne: Cile
татарча/tatarça: Чили
తెలుగు: చిలీ
tetun: Xile
ትግርኛ: ቺሌ
тоҷикӣ: Чили
lea faka-Tonga: Sile
ᏣᎳᎩ: ᏥᎵ
Tsetsêhestâhese: Chile
Tshivenda: Shile
ತುಳು: ಚಿಲಿ
Türkçe: Şili
Türkmençe: Çili
Twi: Kyili
тыва дыл: Чили
Thuɔŋjäŋ: Cile
удмурт: Чили
ᨅᨔ ᨕᨘᨁᨗ: Chili
українська: Чилі
اردو: چلی
ئۇيغۇرچە / Uyghurche: چىلى
Vahcuengh: Chile
vèneto: Ciłe
vepsän kel’: Čili
Tiếng Việt: Chile
Volapük: Cilän
Võro: Tsiili
walon: Tchili
文言: 智利
West-Vlams: Chili
Winaray: Chile
Wolof: Sili
吴语: 智利
Xitsonga: Chile
ייִדיש: טשילע
Yorùbá: Tsílè
粵語: 智利
Zazaki: Şili
Zeêuws: Chili
žemaitėška: Čilė
中文: 智利