British Airways

De Logo vu British Airways

British Airways (kuerz: BA) ass déi gréisst britesch Fluchgesellschaft, wat d'Fligerflott betrëfft, an déi zweetgréisst no easyJet, wat d'Zuel vun transportéierte Passagéier betrëfft. Si huet hire Sëtz zu Waterside beim Londoner Fluchhafen Heathrow Airport. 2011 huet d'British Airways mat der spuenescher Iberia fusionnéiert. Doraus ass d'International Airlines Group (IAG) ervirgaangen, eng Holdinggesellschaft, déi zu Madrid enregistréiert ass.

D'BA gouf den 31. Mäerz 1974 mat der Fusioun vun e puer nationalen a regionale britesche Fluchgesellschafte gegrënnt. No bal 13 Joer a Staatsbesëtz ass d'Entreprise dunn am Februar 1987 privatiséiert ginn. Si huet 1987, 1992 an 2012 nach weider britesch Fluchgesellschaften opkaaft (British Caledonian, Dan-Air a British Midland International).

D'British Airways ass e Grënnungsmember vun der Oneworld Alliance. 2016 hat si méi wéi 39.000 Mataarbechter, déi 44,5 Millioune Passagéier transportéiert an en Ëmsaz vun 11,4 Milliarde Pond-Sterling generéiert hunn.

  • homepage

Homepage

Commons: British Airways – Biller, Videoen oder Audiodateien
Other Languages
Afrikaans: British Airways
asturianu: British Airways
беларуская: British Airways
български: Бритиш Еъруейс
bosanski: British Airways
čeština: British Airways
Ελληνικά: British Airways
español: British Airways
Esperanto: British Airways
français: British Airways
客家語/Hak-kâ-ngî: Yîn-koet Hòng-khûng
한국어: 영국항공
hrvatski: British Airways
Bahasa Indonesia: British Airways
íslenska: British Airways
italiano: British Airways
Basa Jawa: British Airways
қазақша: British Airways
latviešu: British Airways
lietuvių: British Airways
Limburgs: British Airways
македонски: British Airways
Bahasa Melayu: British Airways
Nederlands: British Airways
português: British Airways
română: British Airways
русский: British Airways
sicilianu: British Airways
Simple English: British Airways
slovenčina: British Airways
slovenščina: British Airways
српски / srpski: Бритиш ервејз
srpskohrvatski / српскохрватски: British Airways
Türkçe: British Airways
українська: British Airways
Tiếng Việt: British Airways
粵語: 英國航空
中文: 英國航空