Arunachal Pradesh

Lokalisatioun
Landschaft am Arunachal Pradesh
Frae vum Apatami-Stamm

Arunachal Pradesh (Hindi: अरुणाचल प्रदेश [Aruṇācal Pradeś]) ass en indesche Bundesstaat. E läit am Nordoste vun Indien. Am Norde grenzt en u China, am Westen un de Bhutan, am Süden un d'Bundesstaaten Assam an Nagaland an un de Myanmar. De Bundesstaat ass ëmstridden: der chinesescher Regierung no, gehéiert Arunachal Pradesh zum Tibet a sou zu China.

Arunachal Pradesh huet eng Fläch vun 83.743 Quadratkilometer a knappss 1,4 Milliounen Awunner (Vollekszielung 2011). D'Haaptstad a gréisst Stad vum Bundesstaat ass Itanagar. Mat enger Bevëlkerungsdicht vu 17 Awunner pro Quadratkilometer ass deen am mannste besiidelte Bundesstaat an Indien.

Den Numm kënnt aus dem Sanskrit an heescht souvill wéi "Land vun de Bierger am Sonnenopgang", de Bundesstaat gëtt dacks einfach "Land vum Sonnenopgang" genannt.

Arunachal Pradesh läit am südlechen Ost-Himalaya. D'Landschaft besteet dementspriechend aus Héichland a Bierger

Déi offiziell Sprooch vum Bundesstaat ass Englesch. Arunachal Pradesh ass awer vrun allem vun indigene Vëlker bewunnt (64,2 %), all Vollek huet seng eege Sprooch.

  • um spaweck

Um Spaweck

Commons: Arunachal Pradesh – Biller, Videoen oder Audiodateien
Other Languages
Bân-lâm-gú: Arunachal Pradesh
беларуская: Аруначал-Прадэш
беларуская (тарашкевіца)‎: Аруначал-Прадэш
български: Аруначал Прадеш
Fiji Hindi: Arunachal Pradesh
गोंयची कोंकणी / Gõychi Konknni: अरुणाचल प्रदेश
hornjoserbsce: Arunačal Pradeš
বিষ্ণুপ্রিয়া মণিপুরী: অরুণাচল প্রদেশ
Bahasa Indonesia: Arunachal Pradesh
Kapampangan: Arunachal Pradesh
कॉशुर / کٲشُر: اروناچل پردیش
لۊری شومالی: آروناچال پئرادئش
македонски: Аруначал Прадеш
Bahasa Melayu: Arunachal Pradesh
Nederlands: Arunachal Pradesh
नेपाल भाषा: अरुणाचल प्रदेश
Nordfriisk: Arunachal Pradesh
norsk nynorsk: Arunachal Pradesh
oʻzbekcha/ўзбекча: Arunachal-Pradesh
português: Arunachal Pradesh
Qaraqalpaqsha: Arunachal Pradesh
Simple English: Arunachal Pradesh
slovenčina: Arunáčalpradéš
српски / srpski: Аруначал Прадеш
srpskohrvatski / српскохрватски: Arunachal Pradesh
Türkmençe: Arunaçal Pradeş
українська: Аруначал-Прадеш
Tiếng Việt: Arunachal Pradesh