Anaïs Nin

D'Anaïs Nin an den 1970er-Joren

D'Anaïs Nin, gebuer den 21. Februar 1903 zu Neuilly-sur-Seine als Angela Anaïs Juana Antolina Rosa Edelmira Nin y Culmell, a gestuerwen de 14. Januar 1977 zu Los Angeles, war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin.

D'Anaïs Nin war d'Duechter vum kubanesch-spuenesche Komponist a Pianist Joaquín Nin y Castellanos an der kubanesch-dänescher Rosa Culmell y Vigaraud. Wéi d'Nin eelef Joer hat, huet de Papp d'Famill verlooss an d'Mamm ass mat den 3 Kanner op New York geplënnert. Do huet d'Anaïs geschwënn dono d'Schoul geschmass a gouf Mannequin.

1923 huet si sech mam Hugo Guiler, dee spéider als Filmproduzent Ian Hugo bekannt gouf, bestuet. 1924 si si zesummen op Paräis wunne gaangen. Zesumme mat hirem Mann huet si avantgardistesch Kënschtler ënnerstëtzt an huet sou och den Henry Miller kenne geléiert, mat deem se jorelaang eng Affär hat an deem säi literarescht Wierk se staark influenzéiert huet.

1940 ass si, nom däitschen Amarsch, an d'Vereenegt Staaten hannescht gaangen. 1947 huet se sech mam Rupert Pole bestuet, dee 17 Joer méi jonk wéi si war. Mat him huet se zu Los Angeles gelieft, zu New York war se weider mam Hugo Guiler zesummen.

D'Anaïs Nin ass virun allem wéinst hiren Dagebicher bekannt, souwéi och Romaner an erotesch Erzielungen mat explizit beschriwwene sexuellen Handlungen, déi ë. a. am Delta of Venus zesummegefaasst sinn.

Hir Wierker vermësche Biographie mat Fiktioun, Dramliewen an dat Onbewosst. Si si staark vun de psychoanalyteschen Theorien vum Sigmund Freud a vum Carl Gustav Jung beaflosst.

1994 gouf de Venuskrater Nin no hir genannt.

Other Languages
العربية: أناييز نين
تۆرکجه: آناییز نین
беларуская: Анаіс Нін
беларуская (тарашкевіца)‎: Анаіс Нін
български: Анаис Нин
català: Anaïs Nin
čeština: Anaïs Nin
dansk: Anaïs Nin
Deutsch: Anaïs Nin
eesti: Anaïs Nin
Ελληνικά: Αναΐς Νιν
English: Anaïs Nin
español: Anaïs Nin
euskara: Anaïs Nin
français: Anaïs Nin
galego: Anaïs Nin
հայերեն: Անաիս Նին
hrvatski: Anaïs Nin
Bahasa Indonesia: Anaïs Nin
italiano: Anaïs Nin
עברית: אנאיס נין
қазақша: Анаис Нин
kurdî: Anaïs Nin
magyar: Anaïs Nin
македонски: Анаис Нин
Nederlands: Anaïs Nin
norsk: Anaïs Nin
occitan: Anaïs Nin
polski: Anaïs Nin
português: Anaïs Nin
română: Anaïs Nin
русский: Нин, Анаис
shqip: Anaïs Nin
Simple English: Anaïs Nin
slovenčina: Anaïs Ninová
slovenščina: Anaïs Nin
srpskohrvatski / српскохрватски: Anaïs Nin
suomi: Anaïs Nin
svenska: Anaïs Nin
Tagalog: Anaïs Nin
Türkçe: Anais Nin
українська: Анаїс Нін
Volapük: Anaïs Nin