Alfredo Ormando

Éischte Sëtzstreik an Erënnerung un den Alfredo Ormando virun der Péitersplaz (2001)

Den Alfredo Ormando, gebuer de 15. Dezember 1958 a Sizilien a gestuerwen den 23. Januar 1998 zu Roum, war en italienesche Schrëftsteller, dee sech den 13. Januar 1998 aus Protest géint d'Positioun vun der kathoulescher Kierch vis-à-vis vun homosexuelle Chrëschten op der Péitersplaz selwer a Feier gesat huet.[1]

Obwuel Polizisten d'Feier geläscht hunn an hien op d'Intensivstatioun an e Spidol bruecht gouf, ass den Ormando e puer Deeg méi spéit gestuerwen.

Viru sengem Doud huet de Mann, dee selwer homosexuell war, geschriwwen: "Ech hoffe si verstinn de Message deen ech well ginn: et ass eng Form vu Protest géint d'Kierch déi Homosexualitéit dämoniséiert an zur selwechter Zäit d'ganz Natur, well Homosexualitéit e Kand vun der Natur ass."[2] De Bréif, deen hie bei sengem Doud bei sech hat gouf net ëffentlech gemaach a kuerz drop huet de Vatikan erkläert, den Ormando hätt sech aus familiäre Grënn ëmbruecht. E puer Deeg méi spéit krut dunn awer déi italienesch Noriichtenagentur ANSA e Bréif mat senge Motiver, deen hie fortgeschéckt hat éier hien den Zuch fir op Roum geholl hat.[3]

Other Languages