Achilleus
English: Achilles

De rosenen Achilleus, gemoolt vum Léon Benouville

Den Achilleus (gr. Aχιλλεύς, Akhilleús) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Peleus an der Miernymph Thetis. Als Kand vun engem mënschleche Papp an enger gëttlecher Mamm war hie stierflech, mä seng Mamm huet awer versicht en onverwondbar ze maachen an huet en als Puppelchen an de Styx gezappt. Just déi Plaz un der se en ugehalen huet, d'Feescht, ass net vum Waasser benetzt ginn a war dofir déi eenzeg Plaz un der den Achilleus konnt verwonnt ginn.

Wéi d'Achaier ënner Féierung vum Agamemmnon hire Krichszuch géint Troja virbereet hunn huet dem Achilles seng Mamm versicht hien ze verstoppe well hien no enger Virausso vum "Seher" Kalchas entweder bei Troja géif falen, oder e laangt a langweilegt Liewe féiere géif. Si huet en als Meedche verkleet an e bei den Duechtere vum Lykomedes op Syros ënnerbruecht, vun deenen e spéider och eng, d'Deidameia bestit, a mat hir de Neoptolemos kritt huet.

De Phoinix ass zum Erzéier vum Achilleus bestëmmt ginn. Den Achilleus ass zesumme mam Patroklos, sengem engste Frënd an eelere Cousin, opgewuess, an huet sech zu engem vun de stäerksten a wëllste Kämpfer entwéckelt. Den Homer nennt e meescht dee "Schnellféissegen".

Am Trojanesche Krich huet en d'Myrmidonen, bzw. d'Thessalier ugefouert. Virun Troja huet den Achilleus eng sëllechen Heldendote vollbruecht, huet sech awer dunn no engem Sträit ëm d'Sklavin Briseis vum Kampf zréckgezunn. Well d'Griichen elo dem Achilleus seng Ënnerstëtzung net méi haten, hu si eng Schluecht no där anerer verluer. Souguer wou den Odysseus, den Ajax an de Phoenix den Achilleus opgesicht an him héich Entschiedegungen ugebueden hunn, war hien net dozou ze bréngen zréck ze kommen. E war awer domat averstanen, datt de Patroklos a senger Plaz (mat senger Rëschtung a senge Waffen) sollt kämpfen.

Mä schonn een Dag drop gëtt de Patroklos vum Hektor, an der Meenung et wier den Achilleus, ëmbruecht. D'Rëschtung an d'Waffen hëlt den Hektor als Trophée mat. Rosen an erniddregt kënnt den Achilleus zréck fir säi Frënd ze rächen a massakréiert den Hektor. Eréischt nodeem dem Hektor säi Papp Priamos, de Kinnek vun Troja, agegraff huet, huet den Achilleus d'Läich eraus gi fir datt hien e konnt begruewen.

Greek deity head icon.pngGriichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
  • um spaweck

Um Spaweck

Commons: Achilles – Biller, Videoen oder Audiodateien
Other Languages
Afrikaans: Achilles
العربية: آخيل
aragonés: Aquiles
অসমীয়া: একিলিছ
asturianu: Aquiles
azərbaycanca: Axilles
تۆرکجه: آشیل
башҡортса: Ахилл
беларуская: Ахіл
български: Ахил
bosanski: Ahilej
brezhoneg: Ac'hilleüs
català: Aquil·les
čeština: Achilles
Cymraeg: Achilles
dansk: Achilleus
Deutsch: Achilleus
eesti: Achilleus
Ελληνικά: Αχιλλέας
English: Achilles
español: Aquiles
Esperanto: Aĥilo
euskara: Akiles
فارسی: آشیل
français: Achille
Frysk: Achilles
Gaeilge: Aichill
galego: Aquiles
한국어: 아킬레우스
հայերեն: Աքիլլես
हिन्दी: अकिलीज़
hrvatski: Ahilej
Bahasa Indonesia: Akhilles
interlingua: Achilles
íslenska: Akkilles
italiano: Achille
עברית: אכילס
ಕನ್ನಡ: ಅಕಿಲೀಸ್
ქართული: აქილევსი
қазақша: Ахилл
Кыргызча: Ахилл
Latina: Achilles
latviešu: Ahillejs
lietuvių: Achilas
Lingua Franca Nova: Acile
magyar: Akhilleusz
македонски: Ахил
Malagasy: Achille
മലയാളം: അക്കിലിസ്
Malti: Akille
मराठी: अकिलिस
مصرى: اكليس
Bahasa Melayu: Akhilleus
မြန်မာဘာသာ: အာခိလိ
Nederlands: Achilles
日本語: アキレウス
norsk: Akilles
occitan: Aquilles
oʻzbekcha/ўзбекча: Axill
ਪੰਜਾਬੀ: ਅਖ਼ੀਲੀਅਸ
polski: Achilles
português: Aquiles
română: Ahile
русский: Ахилл
Scots: Achilles
shqip: Akili
sicilianu: Achilli
Simple English: Achilles
slovenščina: Ahil
کوردی: ئاخیلێس
српски / srpski: Ахил
srpskohrvatski / српскохрватски: Ahilej
suomi: Akhilleus
svenska: Akilles
Tagalog: Achilles
тоҷикӣ: Ахилл
Türkçe: Akhilleus
українська: Ахіллес
اردو: آخیل
vèneto: Achìe
vepsän kel’: Ahill
Tiếng Việt: Achilles
Winaray: Achilles
吴语: 阿喀琉斯
粵語: 阿基里斯
中文: 阿喀琉斯