Aaspel

Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Aaspel
Medlar pomes and leaves.jpg
Aaspel
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Rosales
Famill Rouseplanzen
Ënnerfamill Kärenuebstplanzen
Aart Aaspel
Wëssenschaftlechen Numm
'Mespilus germanica'
L“.

D'Aaspel, Mespilus germanica, ass eng Planzenaart aus der Ënnerfamill vum Kärenuebst (Maloideae), déi zu der Famill vun de Rouseplanzen (Rosaceae) gehéiert.

Se sief net verwiesselt mat der Mëspel, op Däitsch Mistel.

Bléi a Laf vun der Aaspel.

Et si kleng Beem, oder grouss Traisch, déi an der fräier Natur a Bëscher an an Hecken, a Bierggéigenden a Süd-Ost-Europa, an a Südwestasien doheem sinn.

D'Aaspel gëtt haaptsächlech wéinst hirer breeder Form an de schéinen Hierschtfaarwe geplanzt. Si kënnen aus dem Som gezillt ginn, deen am beschten am Oktober geséit gëtt. Et kann een se awer och duerch Praffe fortplanzen.

D'Aaspel wiisst gutt op nierstoffräichen, gutt drainéierte Biedem, an der voller Sonn, si verdréit och liichte Schiet.

D'Blieder sinn 10 bis 15 cm laang, am Summer donkelgréng, a brong-giel am Hierscht. Hir Bléi kënnt Mëtt Mee bis Juni, an déi wäiss Blummen, heiansdo mat Rosa dran, sinn 2–5 cm grouss.

D'Friichte kënnen no engem Frascht giess ginn, wa se dee sinn.

Den Numm

D'Aaspel huet an der Ëmgankssprooch eng sëllechen Nimm:

  • Aasper
  • Heespel
  • Heispel
  • Hondsa
  • Hondsaarsch, en Ausdrock, deen an der Form "Hundsärsch" am Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten vun 1909 ze fannen ass.
  • Knëspel
Other Languages
Адыгэбзэ: Къущхьэмышхей
العربية: زعرور جرماني
azərbaycanca: Alman əzgili
català: Nespler
čeština: Mišpule obecná
Cymraeg: Merysbren
dansk: Mispel
Deutsch: Mispel
dolnoserbski: Pšawa wušpula
Esperanto: Mespilo
euskara: Mizpira
فارسی: ازگیل
français: Néflier
furlan: Gnespolâr
Gaeilge: Meispeal
Gaelg: Meidil
گیلکی: کونوس
hornjoserbsce: Prawa myšpla
hrvatski: Mušmula
Ligure: Nespoa
Limburgs: Mispel (plantj)
مازِرونی: کنس
Nederlands: Mispel
Napulitano: Nèspele
occitan: Nesplièr
Piemontèis: Mespilus germanica
português: Mespilus germanica
română: Hascul
shqip: Mushmolla
slovenščina: Nešplja
српски / srpski: Обична мушмула
srpskohrvatski / српскохрватски: Obična mušmula
suomi: Mispeli
svenska: Mispel
Türkçe: Muşmula
українська: Чишкун звичайний
Tiếng Việt: Mespilus germanica
吴语: 欧楂
粵語: 歐楂
中文: 歐楂