54 Piscium |
Infrarout-Foto vum 54 Psc (Spitzer-Weltraumteleskop); agekreest: de brongen Zwerg 54 Psc B |
Stärebild: | Psc) |
Daten (Equinoxe J2000.0) |
Rektaszensioun | 00h 39m 21,8s |
Deklinatioun | + 21° 15' 02"[1] |
visuell Magnitude | 5,80 mag |
Spektralklass: | K0 V |
Astrometrie |
Radialvitess: | (−34 ± 2) km/s |
Parallax: | (90,03 ± 0,72) [1] |
Distanz | (36,23 ± 0,29) Lj.[1] |
Liichtkraaft | ? mag |
Physikalesch Eegenschaften |
Mass: | zirka 0,8 M☉ |
Radius: | (0,95 ± 0,03) R☉ |
Metallizitéit: | zirka +0,05 (zirka 110 % vun der Sonn) |
Uewerflächentemperatur | zirka 5200 K |
Aner Bezeechnungen |
Bonner Duerchmusterung | BD +20° 85 |
GJ | GJ 27 |
Bright Star Catalogue | HR 166 |
Flamsteed-Bezeechnung | 54 Piscium |
Henry-Draper-Katalog | HD 3651 |
Hipparcos-Katalog | HIP 3093 |
LHS | LHS 1116 |
SAO | SAO 74175 |
Tycho-Katalog | TYC 1193/2072/1 |
Weider Katalogen | LTT 10224 • LFT 59 NSV 245 • WDS 00394+2115 |
De 54 Piscium (kuerz 54 Psc), oder als HD 3651 bekannt, ass e Planéitesystem am Stärebild Pisces (Fësch). Den Zentralkierper ass en Haaptreiestär mat enger visueller Magnitude vu 5,9 an der Spektralklass K0. D'Distanz bis op eis Äerd ass nëmme 36 Liichtjoer an ënner gudde Bedéngungen ass de Stär mat bloussem A ze gesinn.
Den Zentralstär, deen zur Ofgrenzung vun den iwwrege Kierper am System, als 54 Piscium A bezeechent gëtt, dacks awer och einfach als 54 Piscium, gëtt vun zwéin substellare Begleeder ëmkreest, fir deenen hir Identifikatioun meeschtens d'Katalogbezeechnung vum System am HD-Katalog gebraucht gëtt. Den Zentralstär gëtt op engem relativ klengen Ofstand vun engem Exoplanéit, HD 3651 b, an op enger méi grousser Distanz vun engem brongen Zwerg, HD 3651 B, begleet.