İlham Əliyev

İlham Əliyev
Munich Security Conference 2010 - dett aliyew 0014.jpg
op der Münchner Sécherheetskonferenz 2010
Gebuer24. Dezember 1961
Baku
NationalitéitSowjetunioun, Aserbaidschan
AktivitéitPolitiker
Famill
Bestuet matMehriban Aliyeva
PappHeydər Əliyev
MammZarifa Aliyeva
KannerLeyla Aliyeva
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den İlham Heydər oğlu Əliyev (och Ilham Aliyev oder Ilham Äliew), gebuer de 24. Dezember 1961 zu Baku, Aserbaidschanesch SSR) ass en aserbaidschanesche Politiker an zanter 2003 President vun Aserbaidschan.

Den Əliyev huet zu Moskau tëscht 1977 bis 1985 Geschicht an International Relatioune studéiert. Vun 1991 bis 1994 war er Geschäftsmann zu Moskau an Istanbul.

Zanter dem Mee 1994 ass hien Éischte Vizepresident vun der Staatlecher Pëtrolsgesellschaft vun der Aserbaidschanescher Republik (SOCAR). Zanter 1995 ass e Member vum aserbaidschanesche Parlament. 1999 gouf e Stellvertriedende President an 2001 Éischte Stellvertriedende President vun der der Partei Neien Aserbaidschan.

De 4. August 2003 gouf hien zum Premierminister vun Aserbaidschan ernannt. Bei de Wale vum 15. Oktober 2003 gouf en, als Nofolger vu sengem Papp Heydər Əliyev, mat 77% vun de Stëmmen zum President vun Aserbaidschan gewielt. D'OSZE an aner NROen hunn déi Wal als "net fair a fräi" deklaréiert. Deeselwechte Walausgank an déiselwecht Kommentare gouf et och de 15. Oktober 2008 (87% vun de Stëmmen) an den 9. Oktober 2013 (iwwer 72%, nach keng offiziell Verëffentlechung).

Den İlham Əliyev ass mat der Deputéiert an UNESCO-Sonner-Ambassadrice Mehriban Arif qızı Əliyeva (* 1964 als Mehriban Arif qızı Paşayeva) bestuet. Si hunn dräi Kanner, dorënner d'Schrëftstellerin an Aktivistin Leyla Əliyeva.

D'"Organized Crime and Corruption Reporting Project" (OCCRP) huet den İlham Əliyev Enn 2012 als korruptste Mann vum Joer "ausgezeechent",[1][2] well him nogewise gouf, wéi seng Famill sou gutt wéi an alle lukrative Branchë vum Land Undeeler iwwerholl huet, vu Banken an Telefongesellschafte bis zu Mineral- a Bauindustrie. An den diplomateschen US-Depeschen, déi duerch WikiLeaks bekannt goufen, gëtt den Əliyev mat engem "Mafia Gangsterboss" verglach. Hie gëtt vu villen Analysten als Diktator bezeechent.[1][3][4] D'Aliev-Duechteren hunn Offshore-Konten a -Firmen op de Britesche Joffereninselen.[5][6][7]

Um Spaweck

Commons: İlham Əliyev – Biller, Videoen oder Audiodateien
Other Languages
Afrikaans: İlham Əliyev
العربية: إلهام علييف
azərbaycanca: İlham Əliyev
беларуская: Ільхам Аліеў
беларуская (тарашкевіца)‎: Ільхам Аліеў
български: Илхам Алиев
brezhoneg: Ilham Aliyev
català: Ilham Alíev
čeština: Ilham Alijev
Ελληνικά: Ιλχάμ Αλίγιεφ
English: Ilham Aliyev
español: İlham Əliyev
Esperanto: Ilham Alijev
français: Ilham Aliyev
Հայերեն: Իլհամ Ալիև
hornjoserbsce: Ilham Alijew
hrvatski: İlham Əliyev
Bahasa Indonesia: Ilham Aliyev
Interlingue: Ilham Aliyev
italiano: İlham Əliyev
Basa Jawa: Ilham Aliyev
ქართული: ილჰამ ალიევი
Kinyarwanda: Ilham Aliyev
Кыргызча: Ильхам Алиев
latviešu: Ilhams Alijevs
lietuvių: Ilhamas Alijevas
მარგალური: ილჰამ ალიევი
Bahasa Melayu: Ilham Aliyev
Nederlands: İlham Əliyev
norsk nynorsk: İlham Əliyev
oʻzbekcha/ўзбекча: Ilhom Aliyev
português: Ilham Aliyev
Qaraqalpaqsha: İlham Aliyev
română: Ilham Aliyev
Runa Simi: İlham Əliyev
Simple English: Ilham Aliyev
slovenčina: İlham Əliyev
српски / srpski: Илхам Алијев
Basa Sunda: Ilham Aliyev
татарча/tatarça: Илһам Әлиев
тоҷикӣ: Илҳом Алиев
Türkçe: İlham Aliyev
Türkmençe: Ylham Alyýew
українська: Ільхам Алієв
ئۇيغۇرچە / Uyghurche: ئىلھام ئالىيېۋ
vepsän kel’: Alijev Il'ham
Tiếng Việt: Ilham Aliyev
Yorùbá: Ilham Aliyev